D'Madame Josée Kirps gouf als Presidentin vum International Council on Archives (ICA) ernannt

D'Josée Kirps, Directrice vum Lëtzebuerger Nationalarchiv, gouf viru kuerzem zur Presidentin vum International Council on Archives (ICA) fir déi nächst véier Joer ernannt. Dës Nominatioun gëtt wärend der Generalversammlung, déi am September zu Roum stattfënnt, bestätegt. D'Madame Kirps, déi e Master an der Geschicht an e Bachelor a der franséischer Literatur huet, ass zanter Oktober 2003 Directrice vum Nationalarchiv an ënnert anerem Presidentin vun der Internationaler Vereenegung vun de franséischsproochegen Archiven.

D’Madame Kirps engagéiert sech scho laang fir den Archivsecteur op nationalem Niveau ze moderniséieren a war eng vun den dreiwende Kräften hannert dem Ausschaffe vum Archivgesetz vun 2018, dat d’Archivéierung op nationalem Niveau moderniséiert; si ass sech den Erausfuerderunge vum Secteur besonnesch bewosst. D'Erfarung an d‘berufflech Kompetenze vun der Madame Kirps hunn d'Membere vun der ICA iwwerzeegt, d’Directrice vum Lëtzebuerger Nationalarchiv zur Presidentin vum Conseil z’ernennen, fir d'Reflexioun iwwer d'Transformatioun vum Secteur weiderzeféieren an d’Offenheet fir lafend Innovatiounen ze fërderen.

"Ech sinn iwwerzeegt, datt d'Madame Kirps déi richteg Persoun fir all Leadership Positioun ass, well si huet e natierlecht Talent fir Leit zesummenzebréngen a grouss berufflech Fäegkeeten, déi zum Deel aus hirer laangjäreger Erfarung als Direktesch vum Nationalarchiv staamt. Well si aus engem klenge Land kënnt, deem seng Kraaft a senger Kapazitéit fir international Zesummenaarbecht an Austausch an engem multilingualen a multikulturellen Dialog läit, wäert hir Presidence ouni Zweiwel vu groussem Wäert fir d'ICA sinn", seet d‘Kulturministesch Sam Tanson, a gratuléiert der Madame Josée Kirps häerzlech fir hir Ernennung als Presidentin vun dëser prestigiéiser Organisatioun.

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert