D'Sam Tanson huet um Conseil de l'Union européenne des ministres de la Culture deelgeholl

De Conseil ass zu Lëtzebuerg zesummekomm an d'Ministeren hunn d'Diskussioune vun Ufank Mäerz nees opgeholl, wou ënnert anerem iwwert déi schonn adoptéiert an nach weider Mesurë fir d'Ënnerstëtzung vun Artisten a kreative Beruffer – ob Flüchtling oder net – souwéi der ukrainescher Kulturzeen diskutéiert gouf.

  1. ©Alexandros Michailidis

    (de g. à dr.) Lucian Romașcanu, ministre de la Culture de Roumanie ; Sam Tanson, ministre de la Culture

    (de g. à dr.) Lucian Romașcanu, ministre de la Culture de Roumanie ; Sam Tanson, ministre de la Culture

  2. ©MCULT

    Réunion bilatérale - (de g. à dr.) Simonas Kairys, ministre de la Culture de la Lituanie ; Sam Tanson, ministre de la Culture

    Réunion bilatérale - (de g. à dr.) Simonas Kairys, ministre de la Culture de la Lituanie ; Sam Tanson, ministre de la Culture

Per Visiokonferenz war den ukrainesche Kulturminister Oleksandr Tkachenko zougeschalt an huet op e neits e frappanten Temoignage zur aktueller Situatioun an der Ukrain geliwwert. Hien huet d'Falschinformatiounen déi vu russesche Medie propagéiert ginn an d'Instrumentaliséierung vun der Kultur an den Artiste fir d'russesch Propaganda, souwéi d'Zerstéierung vum kulturelle Patrimoine an der Ukrain zudéifst verurteelt, an déi versammelt Delegatiounen dozou opgeruff, mat Eenegkeet an am Accord mat den europäesche Valeuren op d'Situatioun ze reagéieren an d'Ukrain ze ënnerstëtzen.

D'Ministeren hu wärend hiren Interventiounen ëmmer nees déi sëlleg Initiativen an d'generell Mobilisatioun op nationalem Niveau ënnerstrach, dat souwuel vun ëffentleche wéi och vu private kulturellen Acteuren. Si ware sech och eens, datt een, fir dës Informatioune besser ze geréieren, e Portail unique misst en place setzen an esou déi Informatiounen op enger Plaz ze zentraliséieren. Weider goufen Accorde fonnt fir déi europäesch Instrumenter an zousätzlech Finanzementer ze mobiliséieren, notamment fir d'Rekonstruktioun vum kulturelle Patrimoine a Koordinatioun mat aneren internationalen Institutiounen. D'Kulturministesch Sam Tanson huet hir Ënnerstëtzung vun dëse Mesuren zougesot an huet ënnerstrach, datt et wichteg ass all Niveaue vu Gouvernance an der Ukrain z'associéieren.

De Conseil huet och zwee Texter adoptéiert; d'conclusions relatives au renforcement des échanges interculturels par la mobilité des artistes et des professionnels de la culture et de la création, et par le multilinguisme à l'ère numérique an d'conclusions intitulées ""Construire une stratégie européenne pour l'écosystème des industries culturelles et créatives"".

Um Rand vum Conseil huet d'Kulturministesch Sam Tanson hire litaueschen Homolog Simonas Kairys getraff fir notamment iwwert Kaunas2022 an Esch2022 ze echangéieren.

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert