D'Servicer vum Kulturministère

De Kulturministère gëtt vun der Kulturministesch Sam Tanson geleet. De Ministère ass a verschidden Departementer a Servicer opgedeelt, déi fir déi spezifesch Beräicher vun der Kulturzeen opgestallt goufen:

  • Service vun der visueller Konscht;
  • Service vun der Musek a vum Danz;
  • Service vun der Literatur a vum Theater;
  • Service vun den europäeschen an internationalen Affären;
  • Service vun der regionaler kultureller Animatioun;
  • Service vum kulturelle Patrimoine;
  • Service vun der digitaler Strategie fir den nationale kulturelle Patrimoine;
  • Service juridique;
  • Service financier;
  • Service vun der Administratioun a vum Personal;
  • Service vun der Informatik;
  • Lëtzebuerger online Dictionnaire - LOD.

Niewent dëser relativ klenger Equipe gëtt de Ministère beim Ausübe vu sengen Zoustännegkeeten duerch d'kulturell Instituter vum Staat verstäerkt an d' Ausféierung vu präzise kulturelle Missioune gëtt Partner uvertraut, déi iwwer eng Konventioun un de Ministère gebonne sinn.

Aktualiséiert