Strategesch Orientatioun

D’Evolutioun vun der Kulturpolitik soll konstant sinn a gëtt duerch de Prinzip vun der wesentlecher Roll vun der Kultur am demokrateschen Debat definéiert. Duerch d’Entwécklung vun enger Kulturpolitik, déi de Kulturentwécklungsplang 2018-2028 als Diskussiounsgrondlag huet, souwuel wéi d’Bereetstellung vun adequate Moyene soll de Kultursecteur gestäerkt ginn.

 

 Eng Visioun fir d’Kultur zu Lëtzebuerg

E neie kulturellen, dynameschen, evolutionären an transversalen Ökosystem soll den Artisten, kulturellen Acteuren a Matbierger erlaben, sech voll z‘entwéckelen.

Déi grouss Erausfuerderunge vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028

D’Schafe vun enger neier kultureller Féierung zu Lëtzebuerg soll déi néideg Konditioune garantéiere fir dëse pluralisteschen an dezentraliséierten, transversalen a komplementaren Ökosystem, deen den aktuellen an zukünftegen Erausfuerderunge vum kulturelle Secteur gerecht gëtt :  

  • an deem d‘Bedeelegung vun der Zivilgesellschaft, de Kulturschafenden an de Reseaue vum kulturelle Beräich encouragéiert gëtt;
  • duerch méi Consultatioun an eng verstäerkte Koordinatioun tëscht dem Kulturministère, anere relevante Ministèren an de kulturellen Acteuren ;
  • duerch d’Erschafe vu Studien op Basis vu vertrauenswierdegen Indicateuren ;
  • andeems e Suivi vun der Qualitéit vun der Kulturpolitik gemaach gëtt an de Kader fir d’Steierung an d’Ëmsetzung vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 permanent evaluéiert an ugepasst gëtt.

 

 Dës Entwécklunge sollen zu folgenden Ziler bäidroen :

  • Kultur a Konscht als Mëttel zur Emanzipatioun, Entfalung a Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun alle Bierger valoriséieren.
  • Déi kënschtleresch a kulturell Kreatioun encouragéieren, ënnerstëtzen a stäerken. Zur sozialer Unerkennung vun Artisten an Kulturschafende bäidroen, hir Aarbechtskonditioune verbesseren an an d’Kreatioun an d’kulturell Vitalitéit investéieren. Den ekonomeschen a sozialen Impakt vum kulturelle Secteur ënnersträichen an ervirhiewen, dee Beneficer generéiert an zum sozialen Zesummenhalt vun eiser multikultureller Gesellschaft bäidréit.
  • Zur Professionaliséierung vun allen Acteure vum kulturelle Secteur bäidroen. D’sozio-ekonomesch Bedéngunge fir d’Kompetenzentwécklung schafen an dobäi déi nei Besoine fir Formatioune berécksiichtegen.
  • Fërderung, Distributioun an Diffusioun vu kënschtlereschen a kulturelle Produktiounen déi zu Lëtzebuerg geschaf goufen. Stäerkung vun der kënschtlerescher a kultureller Ausstralung um lokalen, regionalen, nationalen an internationalen Niveau.
  • Kulturell Plazen erhalen, verstäerken a restrukturéieren a gläichzäiteg d’Roll an d’Missioune vun den Institutiounen a kulturellen Associatiounen nei definéiere souwéi eng equilibréiert Repartitioun vun der kultureller Offer um ganzen Territoire. Déi lokal a regional Entwécklungspolitik am Hibléck op dat kulturellt, soziaalt, ekonomescht an ökologescht Wuelbefanne vun alle Lëtzebuerger Awunner ënnerstëtzen.
  • De wuessende Stellewäert vun der digitaler Kultur an alles wat si u neie kulturellen Inhalter, Zilgruppen, virtuellen Identitéiten a neie Reseaue kann ervirruffen. Et soll och iwwert déi zentral Roll vun den digitalen Technologien an der Kreatioun, der Produktioun an der Accessibilitéit vun de Contenuen nogeduecht ginn.
  • Dat kulturellt Ierwen a senger ganzer Diversitéit (materiell, immateriell an digital) erhalen a valoriséieren. Op Froen zum Kulturierwe sensibiliséieren, fërderen a stimuléiere vun enger adequater an innovativer Mediatioun.
  • D’Bildung un an duerch d’Kultur stäerken. Fërderung vum Enseignement an der Konscht an dem Kulturierwen, Mënscherechter a Kulturrechter, och duerch d’Notze vun digitalen Technologien an enger diverser Wëssenswirtschaft déi de Besoinen un interkulturelle Kompetenze gerecht gëtt.
  • Eng zougänglech an inklusiv Kultur grënnen. Sécherstellen datt déi kënschtleresch a kulturell Wierker fir all Bierger zougänglech sinn. Sech den Erausfuerderunge vun der Mediatioun an der Kulturbegleedung stellen, d‘Circulatioun an d’Zougänglechkeet vun den diverse kulturelle Contenuen duerch d’digital Technologië sécherstellen, sou datt d’Leit déi gréisstméiglech Villfalt u kulturelle Gidder an Déngschtleeschtunge gebuede kréien.
  • Kulturell Diversitéit an interkulturellen Dialog matenee verknäppen, an esou eng positiv Spiral schafen. D’Forme vun der kultureller Diversitéit identifizéieren an ënnerstëtzen, déi d’Selbstreflexioun, d’Begéinung an déi kreativ Impulser begënschtegen.
  • Innovatioun a Recherche ënnerstëtzen an d’Roll vun der Kultur an den Domainer vum Wëssen an der nohalteger Entwécklung erkennen. D’Bedeitung vun der Kultur fir déi ontologesch Grondlage vun eiser Gesellschaft wéi och fir nei Duerstellungen an technesch Entwécklungen eraussträichen.
  • Vun der Approche iwwert spezialiséiert Domainer zu enger interdisziplinärer Recherche iwwergoen an déi transversal an iwwerdrobar Kompetenzen identifizéieren.
  • Ëmstrukturéierung vun der ëffentlecher, finanzieller Ënnerstëtzung fir de kulturelle Secteur. Strukture schafe fir d’bündelen an d’optimiséiere vun den disponibele Mëttel fir eng global Investissement- an Ënnerstetzungsstrategie fir esouwuel d‘Kreatioun an d’Kreateure wéi och d’Kulturierwen ze garantéieren an och fir d‘Entwécklung vun enger Strategie vu kultureller Demokratie an Demokratisatioun, déi no um Bierger bleift.
  • Fërderung vum private Mecenat, als Ergänzung zum ëffentleche Finanzement.

Aktualiséiert