Attributiounen

De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.

Folgend Attributioune falen an d’Kompetenze vum Kulturministère:

  1. National an international Kulturpolitik - Protectioun vum Patrimoine – Promotioun vun der création artistique – Kreativindustrie – Statut vum artiste professionnel indépendant – Statut vum intermittent du spectacle – International Promotioun vun Artisten a kulturellen Acteuren – Suivi vum regionale kulturellen Developpement – Architecturpolitik.
  2. Interministeriel Coordinatioun a kulturellen Aspekter - Conseil supérieur vun der Musek - Conseil national du livre - Concours littéraire national - Conseil supérieur vun den ëffentleche Bibliothéiken - Commission pour le patrimoine culturel - Commission de surveillance des bâtiments religieux.
  3. Ëmsetzung a Suivi vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028.
  4. Kulturel Accorden – Interregional kulturell Cooperatioun - Francophonie - Cooperatioun mat der UNESCO - Espace culturel Grande Région - Bureau Europe Créative.
  5. Coordinatioun vun de kulturellen Instituter vum Staat : Nationalarchiven, Nationalbibliothéik, Centre national de l'audiovisuel, Literaturarchiv, Nationaalt Institut fir archeologesch Fuerschungen, Musée national d’histoire et d'art/Musée Dräi Eechelen, Naturmusée, Nationaalt Institut fir dat architektonescht Ierwen.
  6. Relatioune mat der Fondation Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean, der Fondation Musée national de la Résistance, dem Centre culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster, der Salle de Concerts Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte an dem Centre de Musiques amplifiées.
  7. Relatioune mat de Rotonden, dem Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain, dem TROIS C-L Centre de création chorégraphique luxembourgeois, Kultur | LX, dem Institut Pierre Werner, dem Institut européen des itinéraires culturels, der Agence luxembourgeoise d'action culturelle, dem Institut grand-ducal an Esch2022.
  8. Relatioune mat dem Fonds culturel national an dem Fonds national de soutien à la production audiovisuelle.

Aktualiséiert