Intermittent du spectacle

Fir d'Intermittents du spectacle, déi Schwieregkeeten hunn, fir e reegelméissegt Akommes ze generéiere wat duergeet fir hir Grondbedierfnisser ze decken, huet de Staat e System vu soziale Moossnamen en Place gesat fir, ënner verschidde Konditiounen, a schwéiere Perioden ënnert Äerm ze gräifen- a virun allem- dem Këschtler an dem Techniker ze erméigleche fir an der artistescher Kreatioun ze bleiwen.

En Intermittent du spectacle ass eng Persoun, déi zäitweis fir Betriber aus der duerstellender Konscht schafft, dat heescht eng Persoun bei där sech Beschäftegungsperiode mat Periode vun Inaktivitéit ofwiesselen, well se fir Betriber schafft, wou d'Produktiounen vun Natur aus zäitlech begrenzt sinn (Theater, Kino, asw.) Opgrond vun dëser spezieller Situatioun an där sech Beschäftegungsperiode mat Periode vun Inaktivitéit ofwiesselen, huet de Staat decidéiert finanziell sozial Bäihëllefen en Place ze setzen, och nach "Hëllefen am Fall vun Inaktivitéit vun den Intermittents du spectacle" genannt, vun deenen d'Intermittents profitéiere kënne wa se verschidde Konditiounen erfëllen.

Dat geännert Gesetz vum 19. Dezember 2014

  • iwwert déi sozial Moossnamen zu Gonschte vu professionelle fräiberuffleche Kënschtler an Intermittents du spectacle
  • fir d'Promotioun vun der artistescher Kreatioun

bréngt verschidden Adaptatiounen am Gesetz vum 30. Juli 1999, wou hei déi Haaptcharakteristiken opgezielt sinn:

  • getrei dem Grondsaz vun der Gläichbehandlung vun den EU-Bierger gëtt d'Konditioun vum Wunnsëtz duerch eng Obligatioun ersat déi beseet, dass ee mindestens sechs Méint ier Demande gestallt gouf, muss Member vum lëtzebuergesche Sozialversécherungssystem sinn an en Engagement an der artistescher a kultureller Zeen muss hunn.
  • nom Grondsaz vun der Gläichbehandlung, ënnerleie Kënschtler an Intermittents du spectacle
    • de selwechten Affiliatiounskonditiounen;
    • der Akommessteierpflicht;
    • si hunn Usproch op d'Hëllefen am Zesummenhang mam soziale Mindestloun fir qualifizéiert Employéeën;
    • si mussen noweise kënnen, dass am Laf vum Joer ier si d'Demande gestallt hunn, hir artistesch Aktivitéit en Akommes generéiert huet, wat mindestens 4-mol esou héich war wéi de Mindestloun vun net qualifizéierten Employéeën;
  • den Aktivitéitszäitraum gëtt wärend engem krankheetsbedéngtem Congé vun iwwert engem Mount, engem Congé de maternité oder parental ausgesat;

Aktualiséiert