Schlass Buerglënster

Schlass Buerglënster

D'Buerglënster Schlass gouf am 12. Joerhonnert gebaut a 1968 vum Lëtzebuerger Staat opkaf, dee Konsolidéierungs- a Restauréierungsaarbechten, déi bis 1988 gedauert hunn duerchgefouert huet. Haut fënnt een am Buerglënster Schlass e Konferenzzenter, Banquetssäll an zwee gastronomesch Restauranten déi vum Guide Michelin ausgezeechent goufen.

D'Buerglënster Schlass ass och eng beléifte Plaz fir d'Organisatioun vum Festival de musique de chambre vun den Amis du château de Bourglinster. Am prächtege Rittersall vum Schlass triede reegelméisseg, a mat groussem Erfolleg, jonk Lëtzebuerger Talenter, mee och international bekannte Museker a Musekerinnen op.

An de fréiere Ställ vum Buerglënster Schlass gouf e moderne kënschtleresche Kreativzenter ageriicht les Annexes, , deen déi jonk Kënschtler vun alle Stilrichtunge bei hirer professioneller Aktivitéit ënnerstëtze sollen. Déi fräi Gestioun vun dësem kulturellen Drëttuert duerch e Kënschtlerkollektiv, Gewënner vun der Ausschreiwung am Kader vunNeistart Lëtzebuerg , erméiglecht d'Entdeckung an d'Erfuerschung vun neien artisteschen Disziplinnen, wärend gläichzäiteg eng Mëschung u Praktiken, Aktivitéiten a Publikumsgruppen gefërdert gëtt.

An der Pabeierscheier fënnt een Occasiounsbicher déi vun de Lëtzebuerger Bicherfrënn zu engem raisonnabele Präis verkaf ginn.

Op Rendez-vous gi Visite-guidéeë vum Schlass Buerglënster ugebueden. Ënnert dësem Link kann een eng Broschür mat weideren Informatiounen eroflueden.

 

Locatioun vun de Säll vum Schlass

Déi aussergewéinlech Lag vum Buerglënster Schlass bitt en exzeptionelle Kader fir verschidden Evenementer. De Konferenzzenter an och d'Salone vum Schlass kënne vu Privatleit fir Fester, Hochzäiten, Konferenzen, Colloquen oder Betribsiesse gelount ginn.

D'Banquets- oder Konferenzsäll kënnen um Kulturministère beim Service Banquet vum Schlass am Numm vum Client gelount ginn.

Méi Informatiounen dozou gëtt et beim Service banquet vum Buerglënster Schlass (T :+352 787878-1 / info@bourglinster.lu - www.bourglinster.lu / www.chateaubourglinster.lu).

---

Et sief drop higewisen, datt d'Raimlechkeeten nëmmen dem Lëtzebuerger Staat, senge Ministeren an Administratiounen ëmsoss zur Verfügung gestallt ginn. Alle Ufroe si mat entspriechender Begrënnung per Post un de Kulturministère ze schécken.

Kontakt

Kulturministère - Service d’Animation culturelle régionale

4, boulevard Roosevelt

L-2450 Lëtzebuerg

T: 24786666

Oder

T: 24786630

E: château.bourglinster@mc.etat.lu

 

Aktualiséiert