Strukturéierungshëllef fir etabléiert Danzkompanien

Allgemeng Presentatioun

An de leschte Joren huet sech déi lëtzebuergesch Choreografieszeen däitlech weiderentwéckelt. Lëtzebuerg zielt haut eng bedeitend Unzuel vu Choreografen a professionelle Kompanien.

D'Aféierung vun enger Strukturéierungshëllef fir Danzkompanien ass Deel vun enger Professionaliséierung, ugestrieft vum Kulturministère, vun deene verschiddene kulturelle Beräicher. Dës Fërdungsmoossnam erméiglecht et den Danzkompanië professionell Ënnerstëtzung op administrativem a strukturellem Niveau ze kréien, fir dass si sech op de kreative Prozess konzentréiere kënnen.

Agefouert fir d'éischte Kéier 2020 an accordéiert fir dräi Joer hannerteneen, leeft d'Hëllef 2022 aus. Aacht Danzkompanië goufen zeréckbehalen a konnte sech dank dëser Ënnerstëtzung professionaliséieren. D'Strukturéierungshëllef gëtt fir 2023 erneiert a gëtt nees fir dräi Joren hannerteneen accordéiert. Et sief ze bemierken, datt d'Verlängerung vun der Strukturéierungshëllef fir Kompanien, déi dës Hëllef vun 2020 bis 2022 accordéiert kruten, weder selbstverständlech nach automatesch ass.

Déi zweet Phas (2023 - 2025) vun der Fërderung besteet aus zwee Deeler mat ënnerschiddleche Modalitéiten : den éischten Deel adresséiert sech u Kompanien, déi d'Strukturéierungshëllef 2020-2022 accordéiert kruten. Den zweeten Deel adresséiert sech u Kompanien déi nach keng Strukturéierungshëllef kruten.

Zil

Mam Zil fir zur Professionnaliséierung vum Danzsecteur zu Lëtzebuerg bäizedroen, ënnerstëtzt d'Strukturéierungshëllef Danzkompanien, déi zu Lëtzebuerg ugemellt sinn. D'Strukturéierungshëllef soll den Danzkompanien d'Ëmsetzung vun engem professionellen Encadrement an de Beräicher vun der Administratioun, de Relations publiques an der Diffusioun erméiglechen, fir dass si sech an hirer professioneller artistescher Aktivitéit kënne behaapten, a sech siichtbar an dauerhaft an der nationaler Choregrafieszeen etabléieren an hire Bekanntheetsgrad séchere kënnen.

Uwendungsberäich vun der Hëllefsmoossnam

D'Fërderung riicht sech u professionell Kompanien, déi zu Lëtzebuerg ugemellt sinn, vun engem artisteschen/er Direkter/trice gefouert ginn, den/déi noweislech eng kulturell Verankerung zu Lëtzebuerg noweise kann an, entspriechend dem geännerte Gesetz vum 21. Abrëll 1928, als Associatioun ouni Gewënnzweck gegrënnt goufen. D'Associatioun muss Träger vun enger identifizéierter artistescher Demarche sinn, wou d'Aktivitéit eng Verstäerkung um administrative Niveau vun der Organisatioun brauch a Mëttele fir d'Duerchféierung vun de Projeten néideg sinn.

D'Strukturéierungshëllef gëtt fir dräi Joren hannertenee vun 2023 - 2025 accordéiert. D'Héicht vun der Ënnerstëtzung läit bei 30.000 Euro d'Joer pro Danzkompanie, ënner Virbehalt vum disponibele Budget fir dat lafend Joer. D'Strukturéierungshëllef gëtt a Form vun enger Konventioun tëschent dem Kulturministère an dem Beneficiaire fir eng Dauer vun dräi Joer ofgeschloss. D'Hëllef gëtt all Joer a Funktioun vun de Modalitéite vun der Konventioun ausbezuelt.

 

[1] Wann d'Natur oder d'Ausmooss vum Projet et justifiéieren, behält sech d'Kommissioun d'Recht vir, fir e méi héije Montant ze accordéieren.

Fërderungskrittäre, fir vun der Strukturéierungshëllef ze profitéieren

Fir eligibel ze sinn, muss d'Kompanie :

  • virum 1. Januar 2020 als Associatioun ouni Gewënnzweck, entspriechend dem geännerte Gesetz vum 21. Abrëll 1928, gegrënnt gi sinn;
  • iwwert e Repertoire vun op d'mannst dräi Uropféierunge verfügen, dovunner eng am laange Format (45-60 Minutten), déi vum / vun der artisteschen/er Direkter/trice ënnerschriwwe sinn;
  • an deenen zwee Jore virun der Demande, mussen op mannst zwou Opféierungen ausserhalb vu Lëtzebuerg realiséiert gi sinn; Als Beleeg gëllen eng Lettre d'Engagement vum Partner, en Oftriedungs- oder Koproduktiounsvertrag oder eng Residenzkonventioun.

An den Direkter / d'Direktrice muss, ënnert anerem :

  • säit mindestens sechs Méint virum Datum vun der Demande vun der Strukturéierungshëllef am Grand-Duché, entspriechend dem Artikel 1 vum Sozialversécherungscode, onënnerbrach verséchert sinn ;
  • eng noweislech kulturell Verankerung an der lëtzebuergescher Konscht- a Kulturzeen noweisen;

Konditiounen, déi un d'Verdeelung vun der Strukturéierungshëllef fir d'Joren 2023 - 2025 geknäppt sinn

Fir den Zäitraum wou d'Strukturéierungshëllef accordéiert gëtt, engagéiert d'Kompanie sech fir Folgendes: 

  • eng nei Kreatioun am laange Format (ca. 45 bis 60 Minutten) ze realiséieren, déi zu Lëtzebuerg soll opgefouert gëtt; 
  • e Partenariat mat mindestens enger Theaterkompanie ausserhalb vu Lëtzebuerg agoen, fir zwou Opféierungen ze realiséieren, dorënner déi nei Kreatioun am laange Format; 
  • mindestens fofzéng Opféierungen duerchféieren (nei Kreatioun am laange Format an/oder eng Reprise aus dem Repertoire); 
  • dem Kulturministère all Joer eng Tëschebilanz a Form vun engem Aktivitéitsrapport an e finanzielle Bilan virleeën;
  • de Subside nëmme fir Käschte benotzen, déi mat engem professionellen Encadrement an de Beräicher Administratioun, Produktioun, Relations publiques an Diffusioun verbonne sinn;
  • op alle Promotiounssupporte folgenden Text erwänen :  "konventionéiert mam Kulturministère " begleet vum Logo vum Kulturministère
  • dem Kulturministère all néideg Informatiounen an Dokumenter zoukomme loossen, déi fir den Traitement vum Dossier noutwenneg sinn.

Delai

Fir vun 2023 un vun der Strukturéierungshëllef kënnen ze profitéieren, muss den Dossier fir d'Kandidatur spéitstens bis de 15. Abrëll 2022 um Mëtternuecht agereecht gi sinn. No dësem Datum gëtt keen Dossier méi ugeholl.

Praktesch Informatiounen

1) fir Danzkompanien, déi 2020 - 2022 vun der Strukturéierungshëllef profitéiert hunn

An deem beim Kulturministère agereechten Dossier, musse folgend Dokumenter enthale sinn :

  • Déi komplett ausgefëllten Informatiounsfiche " A "
  • en Affiliatiounscertificat vun der Sozialversécherung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg ;
  • eng Note d'intention vum Projet mat engem provisoreschen Zäitplang, deen de Verdeelungskonditiounen entsprécht an eng Kontinuitéit mat de Joren 2023 - 2025 opweist ;
  • en analyteschen an ausgeglachene Budget iwwer 3 Joer, an deem virun allem d'Käschte fir den artistesche Programm, all d'Honorairen, d'Kommunikatiounskäschten, d'Käschte fir de professionellen Encadrement an de Beräicher Administratioun, Relations publiques an Diffusioun preziséiert sinn;
  • all aner Ënnerlag déi Dir als sënnvoll fir Ären Dossier ugesitt.

2) fir Danzkompanien, déi 2020-2022 net vun der Strukturéierungshëllef profitéiert hunn

An deem beim Kulturministère agereechten Dossier, musse folgend Dokumenter enthale sinn :

  • e Motivatiounsschreiwes mat enger Beschreiwung vum kënschtlereschen Usaz an der Erfarung am Beräich Choreografie (max. eng A4 Säit) ;
  • Déi komplett ausgefëllten Informatiounsfiche " N "
  • en Affiliatiounscertificat vun der Sozialversécherung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg ;
  • d'Statute vun der Associatioun;
  • en artistesche Liewenslaf vum / vun der Choreograf/in, vun der Kompanie an den involvéierten Dänzer mat enger Lëscht vun de vergaangenen Aktivitéiten;
  • e Portfolio ( artisteschen Dossier)
  • eng Note d'intention vum Projet mat engem provisoreschen Zäitplang, deen de Verdeelungskonditiounen entsprécht (op dräi Joer, mat op mannst enger Kreatioun am laange Format, fofzéng Opféierungen an ee Partenariat mat enger Theaterkompanie am Ausland. Dëst Partenariat kann duerch eng Lettre d'intention oder d'engagement vum Partner, en ënnerschriwwene Oftriedungs- oder Koproduktiounsvertrag oder eng Residenzkonventioun zertifiéiert ginn;
  • en analyteschen an ausgeglachene Budget iwwer 3 Joer, an deem virun allem d'Käschte fir den artistesche Programm, all d'Honorairen, d'Kommunikatiounskäschten, d'Käschte fir de professionellen Encadrement an de Beräicher Administratioun, Relations publiques an Diffusioun preziséiert sinn;
  • all aner Ënnerlag déi Dir als sënnvoll fir Ären Dossier ugesitt.

Konditiounen, fir zougelooss ze ginn, an d'Prüfungsmodalitéiten

D'Demande muss un de Kulturministère per E-mail u convention@mc.etat.lu agereecht ginn.

Nëmme komplett Dossieren gi consideréiert. D'Konformitéit vum Projet mat de Critèrë féiert net automatesch dozou, dass déi ugefroten Hëllef accordéiert gëtt.

D'Konventiounskommissioun vum Kulturministère, déi aus Agente aus der Direktioun, den Departementer Kultur a Finanzen an dem juristeschem Service vum Ministère besteet, evaluéiert all Demande a Funktioun vu senger Fërderungswürdegkeet a formuléiert, de Fall gesat, eng Stellungnam zu der Verdeelung vun der Strukturéierungshëllef an dem entspriechende Montant. D'Kommissioun behält sech d'Recht vir, fir extern Experten hinzouzezéien.

De Betrag vun der accordéierter Hëllef riicht sech no der Qualitéit an der Aktualitéit vum artisteschen Usaz, der budgetärer Gestioun vum Projet, der nationaler Unerkennung an der Verankerung an den internationalen Netzwierker. De Betrag kann 30.000 Euro pro Joer net iwwerschreiden. (Wann d'Natur oder d'Ausmooss vum Projet et justifiéiere behält sech d'Kommissioun d'Recht vir, fir e méi héije Montant ze accordéieren.)

De Ministère deelt dem Kandidat seng Äntwert per Post mat.

Aktualiséiert