Kulturministère // D’Lëtzebuerger Regierung
Attributiounen
De Kulturministère developpéiert an exekutéiert déi national an international Kulturpolitik vun der Regierung. Parallel zur nationaler Politik zum Schutz an zur Promotioun vum kulturelle Patrimoine fërdert de Ministère déi kënschtlerech Kreatioun an ënnerstëtzt déi international Démarchë vu Kënschtler a Kulturschafenden. Zu dësem Zweck ënnerhällt de Ministère op der enger Säit Konventioune mat de kulturellen Acteure vu Lëtzebuerg, wärend en op der anerer Säit Fërderinstrumenter, wéi de Subsidendispositif oder d’Sozialhëllefe fir professionnel onofhängeg Kënschtler an intermittents du spectacle enwéckelt an ëmsetzt.
De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
Noriichten
-
Den Eric Thill am Gespréich mam Comité de gestion du patrimoine mondial
De Comité de gestion du patrimoine mondial gouf 2018 gegrënnt, fir d’Avise vun der Lëtzebuerger Kommissioun fir d’Kooperatioun (Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l’Unesco) mat der Unesco ze preparéieren, fir Aarbechten déi e mëttleren oder gréisseren Impakt op d’Lëtzebuerger Ierwen "Lëtzebuerg, Alstad a Festungen" hunn.
-
D’Lëtzebuerger Sproochegesetz feiert 40 Joer
D’Lëtzebuerger Sproochegesetz feiert 40 Joer De 24. Februar sinn et elo genee 40 Joer hier, datt d’Sproochegesetz hei zu Lëtzebuerg vum Grand-Duc
-
Lëtzebuerger Online Dictionnaire – Réckbléck 2023
Wärend haut de Mëtteg an der Chamber iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch debattéiert gëtt, zitt den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) e positive Bilan iwwert d'Entwécklung vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (lod.lu) am Joer 2023.
-
KI ass dʼLëtzebuerger Wuert vum Joer 2023
Op d'Plaz 2 kënnt Fridden, virun ChatGPT, den neie Luc a Superwaljoer, allen dräi ex aequo op der drëtter Plaz.
Agenda vum Ministère
Keen Evenement fir haut matgedeelt.