Kulturministère // D’Lëtzebuerger Regierung

Attributiounen

De Kulturministère developpéiert an exekutéiert déi national an international Kulturpolitik vun der Regierung. Parallel zur nationaler Politik zum Schutz an zur Promotioun vum kulturelle Patrimoine fërdert de Ministère déi kënschtlerech Kreatioun an ënnerstëtzt déi international Démarchë vu Kënschtler a Kulturschafenden. Zu dësem Zweck ënnerhällt de Ministère op der enger Säit Konventioune mat de kulturellen Acteure vu Lëtzebuerg, wärend en op der anerer Säit Fërderinstrumenter, wéi de Subsidendispositif oder d’Sozialhëllefe fir professionnel onofhängeg Kënschtler an intermittents du spectacle enwéckelt an ëmsetzt.

De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.

Weiderliesen

Noriichten

  • De Comité de gestion du patrimoine mondial gouf 2018 gegrënnt, fir d’Avise vun der Lëtzebuerger Kommissioun fir d’Kooperatioun (Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l’Unesco) mat der Unesco ze preparéieren, fir Aarbechten déi e mëttleren oder gréisseren Impakt op d’Lëtzebuerger Ierwen "Lëtzebuerg, Alstad a Festungen" hunn.

  • Wärend haut de Mëtteg an der Chamber iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch debattéiert gëtt, zitt den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) e positive Bilan iwwert d'Entwécklung vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (lod.lu) am Joer 2023.

Agenda vum Ministère

Keen Evenement fir haut matgedeelt.