Kulturministère // D’Lëtzebuerger Regierung
Attributiounen
D'Fërdere vun der Kultur ass e wesentlecht Basiselement fir eng demokratesch, modern, oppen, tolerant a solidaresch Gesellschaft. Als politesche Responsabel fir d'kulturell Entwécklung um nationalen an internationalen Niveau zu Lëtzebuerg wëllt de Kulturministère de Lëtzebuerger Patrimoine erhalen a fërderen an déi néideg Impulser ginn, fir d'kulturell Kreatioun an d'Promotioun vun de Kënschtler ze ënnerstëtzen.
Noriichten

Lëtzebuerg ass Éieregaascht um Marchée de la poésie 2021 zu Paräis
De 27 November 2019 huet d'Kulturministesch Sam Tanson déi Responsabel vum Marché de la poésie, den Yves Boudier, President, an de Vincent Gimeno, Direkter, empfaangen, fir d'Partnerschaft mam Marché de la poésie 2021 offiziell ze confirméieren. Lëtzebuerg wäert dat Joer eng besonnesch Plaz als Éieregaascht erhalen.

Nationalfeierdag 2019
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

De Guy Arendt huet den Aktiounsplang fir dat immateriellt Kulturierwe presentéiert
De Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, huet den 10. September 2018 op der Schueberfouer den Aktiounsplang fir dat immateriellt Kulturierwen a Präsenz vun der Stater Buergermeeschter, Lydie Polfer, der Presidentin vun der Unesco-Kommisisoun, Simone Beck, an enger Delegatioun vun de Foraine presentéiert.
Doud vum Georges Hausemer
D’Lëtzebuerger Kulturlandschaft huet e Pionéier verluer, deen eng wichteg Roll an der Entwécklung vun der zäitgenëssescher Lëtzebuerger Literatur an dem Lëtzebuerger Literaturbetrib gespillt huet. Seng grouss schrëftstelleresch Leeschtung ass duerch vill national Präisser honoréiert ginn, ënner anerem eréischt d’lescht Joer mam grousse Lëtzebuerger Literaturpräis, dem Batty-Weber-Präis.
Agenda vum Ministère
Keen Evenement fir haut matgedeelt.