3 Froen un d’Kulturministesch Sam Tanson an den Auteur Samuel Hamen

Virun den Assises culturelles

An e puer Deeg, de 26. Oktober, fanne fir d’drëtt Kéier d’Assises culturelles statt.  Et ass eng Méiglechkeet, fir ze kucken, wat den aktuelle Stand vum Kulturentwécklungsplang ass an och fir de Bilan vun der rezenter Situatioun vum kulturelle Secteur ze maachen. D'Assisen erlaben et awer och, fir sech mat den Acteure vun der Kulturzeen iwwer nei Zukunftsperspektiven auszetauschen. D’Kulturministesch Sam Tanson an den Auteur Samuel Hamen, deen d’Assisë moderéiert, hu sech am Virfeld wärend de Virbereedungen zu hiren Usiichten an Erwaardunge geäussert.

©MCult D'Kulturministesch Sam Tanson an den Auteur Samuel Hamen am Gespréich iwwer d'Assises culturelles
D'Kulturministesch Sam Tanson an den Auteur Samuel Hamen am Gespréich iwwer d'Assises culturelles

Wat ass d’Bedeitung vun den Assises culturelles speziell elo an Zäite vu Covid-19?

ST: Et muss een dat Ganzt an de Kontext vum Kulturentwécklungsplang setzen, deen et elo säit zwee Joer gëtt. Mir haten, wéi ech nach an der Chamber war, eng Motioun ofgestëmmt, fir de KEP reegelméisseg ze evaluéieren an ze kucken, wou mir dru sinn. Deen Exercice musse mir och onbedéngt um Ministère maachen. Insgesamt ass meng Approche déi, datt et kee Wäert huet, fir dat just um Ministère ënnert eis ze maachen, mee dat een dat och soll an der Ëffentlechkeet diskutéieren, am Dialog mat de Léit, déi am Kulturberäich schaffen.

Och onofhängeg vum Covid ass de Kulturentwécklungsplang e wichtegt Instrument; et ass e Kompass, wou näischt a Steen gemeesselt ass an deen awer just eng Valeur huet, wann een ëmmer erëm kuckt, wou mir dru sinn, wat mir nach änneren an adaptéiere mussen. An et ass natierlech extrem pertinent, fir dat elo zu dësem sensibele Moment fir de Kultursecteur ze maachen, wou sech vill Leit d'Fro gestallt hunn, wéi si kéinten an hirem Beruff iwwerliewen an ob si deen nach weider kéinten exerzéieren. An et si nach ëmmer vill Leit, déi sech déi Fro stellen. Dat ass eppes, wat mir vill Suerge mécht, datt mir Acteuren, déi sech elo jorelaang eppes opgebaut hunn, verléiere kéinten, well si an deem Beräich keng Perspektiv méi gesinn. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, datt mir déi Perspektive weider kenne schafen an dat kenne mir natierlech nëmme maachen, wa mir och wëssen, wou de Schong dréckt a wat mir kennen änneren a besser maachen.

SH: Déi lescht Méint gouf an der Gesellschaft vag gesot, datt d‘Kultur immens wichteg wier an datt si eis zesummebruecht hätt, mee ech empfannen dat dacks als séiere Saz, als einfach sou dohi gesot. D’Assises culturelles sinn an deem Kontext eng Plattform, fir sech auszetauschen, wéi d’Praxis an den Alldag vu Kënschtler, Institutiounen a Strukturen am Ament tatsächlech ausgesinn, ob 2020 prinzipiell een neit Versteesdemech vu Kultur ervirbruecht huet a wéi eng al, respektiv nei Normalitéit gewënscht gëtt.

Wéi huet dir iech fir d’Assisë virbereed?

ST: Ech hu mech elo net spezifesch drop virbereet, well alles, wat mir déi lescht zwee Joer gemaach hunn, eigentlech eng Virbereedung op d’Assisen ass. D’Assisë reie sech einfach an dat normaalt Schaffen um Ministère an. Natierlech hu mir eis Gedanke gemaach iwwer d’Organisatioun. Mee de wichtegsten Deel vum Exercice ass, datt mir eis de Kulturentwécklungsplang nach eemol am Detail ugekuckt hunn, fir festzehalen, wou mir bei all Punkt stinn. Am Ufank hu mir geduecht, mir géife mat engem Ampelsystem schaffen, fir duerzestellen, wéi weit eenzel Mesure fortgeschratt sinn. Mee dat huet sech als relativ schwiereg erwisen, well d’Entwécklung vun de Mesuren awer wesentlech méi komplex ass. Mir hu vill diskutéiert fir festzehalen, zu wéi vill Prozent déi eenzel Mesuren erfëllt sinn a mir hu probéiert, streng mat eis selwer ze sinn. Mee et ass och eng Fro vun der Perspektiv. Wann do zum Beispill steet, dat et e neit Patrimoinesgesetz soll ginn, ass déi Mesure dann erfëllt, wann d'Gesetz gestemmt ass oder wann et komplett ëmgesat ass? Mir hunn eis an dësem Fall op 50 Prozent gëeenegt. Mir hunn esou fir all Mesure gekuckt, wou mir dru sinn an dat ass dat Wichtegst bei dësem Exercice.

SH: Ech kommen aus dem Literaturberäich, mee fir d’Virbereedung vun der Moderatioun war et mir wichteg, d’Scheiklappen ofzeleeën an anere Leit aus anere Beräicher nozelauschteren, déi mat engem anere Background iwwer hir Sujeten an hir Erfarunge geschwat hunn. Als Moderator geet et dorëm fir ze kucken, datt den Dialog op der Bün mat ënnerschiddleche Meenungen als konstruktiv Konfrontatioun stattfënnt.

Mat wéi engen Erwaardunge gitt dir dohin?

ST: Ech freeë mech op den Dialog an datt d’Kulturzeen hei e Moment fënnt, fir beieneen ze kommen, wat an der aktueller Situatioun net onbedéngt einfach ass. An ech erwaarde mir neien Input doriwwer, wéi mir nach kenne weiderfueren. Ech fanne neist besser, wéi konstruktiv Kritik, fir ze wëssen, wou e steet a wat e nach besser maache kann, fir dem Secteur, fir dee mir dat heiten alles maachen, sou gutt wéi méiglech entgéint ze kommen.

SH: Den Dialog ass mir och wichteg. Meng Erwaardung ass virun allem déi, datt d’Leit an der Diskussioun ënnerteneen a mam Public zesumme fannen, sou ënnerschiddlech hir Argumenter an Awänn och sinn. Et ass déi éischt a bescht Méiglechkeet, déi zwee Dynamiken – Covid a KEP – openeen ze bezéien an duerno ze froen, wéi (a wéi net) dat engt dat anert beaflosst.

 

D'Assises culturelles ginn de 26. Oktober vu 9 bis 13 Auer och live iwwerdroen: mc.gouvernement.lu

Dernière mise à jour