Octavie Modert au sujet de la nouvelle bibliothèque nationale

Sophie Morang: De Gesetzprojet fir de Bau vun enger neier Nationalbibliothéik soll a 4 bis 6 Wochen an de Regierungsrot kommen. Dovunner geet d’Kulturministesch Octavie Modert aus.

D’Ouverture vum neie Gebai um Bd. Kennedy um Kierchbierg dierft net virun 2018 awer sinn, an dat wier dann och e realisteschen Timing. Déi nei Nationalbibliothéik wier op jidder Fall nach ëmmer eng absolut Prioritéit fir d’Regierung.

D’Octavie Modert seet weider, datt op der Kräizung Bicherhaff um Kierchbierg soll e flott Gebai entstoen, mat enger zäitgenösseger Architektur, ouni datt et awer massiv representativ an iwwerdeiert soll sinn. De maximale Käschtepunkt soll bei 120 Milliounen Euro leien fir déi nei Nationalbibliothéik mat enger Notzfläch vun ronn 24.000 Quadratmeter. Am neie Gebai sollen d’Visiteure e ganz aner Zougang zu de Publikatiounen an Informatiounen kréien, kënnegt dann d’Kulturministesch weider un. An och d’Ouvertureszäiten solle verlängert ginn:

Octavie Modert: Em sou méi wa mer soen, dat ass och eng Plaz fir sech ze begéinen, fir ze chillen. Dat gehéiert do derzou. Da muss een natierlech e bëssen aner Zäiten ubidde kënnen.

Mir sinn natierlech haut iwwer Mëtteg op. Logesch, haut ass dat normal, virun enger Zäitchen war dat nach guer net esou normal. Mir sinn och samschdes op, awer nëmme moies, an ech denken datt een do e bësse méi wäit misst kënne goen, an och vläicht owes e bësse méi wäit.

Mir wäerten och hei an dësem Gebai scho probéieren esou vill wéi méiglech dat auszedehnen. Ech hat eigentlech geduecht a gehofft, mir kënnten och do op Studenten vun der Uni zum Beispill zeréck gräifen. Déi kënne jo – an dat hat ech och nach gehollef mat maachen, wéi ech an der Zäit nach an der Recherche mat derbäi war – déi kënne jo bis zu 10 Stonnen an der Woch schaffe goen, an op alle Plazen an der Welt – jidder falls an Europa – sinn et Studenten, déi hëllefen d’Bibliothéiken bedéngen, besonnesch an deem do Sënn. Et ass awer esou, datt dat den Ament um techneschen Niveau an der Regierung, an de Verantwortlechen vun der Personalgestioun, ausserhalb hei vum Haus, gesi gëtt als eng Personalverstäerkung, also iwwer de normalen Numerus clausus muss goen. Ech gesinn dat zwar net esou, mee dofir ass dat bis elo net méiglech gewiescht. Dat wier natierlech eng grouss Hëllef.

Sophie Morang: Esou wäit also d’Kulturministesch Octavie Modert.

Dernière mise à jour