Octavie Modert, invité de l'émission "Riicht eraus"

Jean-Claude Franck: Lëtzebuerg huet en neie Musée. Mat der Porte Ouverte vum Musée 3 Eechelen dëse Weekend ass e laange Chantier op een Enn gaangen. Vum a Kraaft triede vum Gesetz fir e Festungsmusée un huet et méi wéi 15 Joer gedauert bis de Musée konnt seng Dieren opmaachen. Ënner anerem schwätze mir haut am "Riicht eraus" hei um 100,7 mat der Kulturministesch Octavie Modert, déi awer och aner Ressorten huet op déi mir och nach ze schwätze kommen. Gudde Mëtteg.

Octavie Modert: Gudde Mëtteg.

Jean-Claude Franck: Eng Aweiung ass fir e Minister ëmmer eppes Besonnesches. Hutt Dir Iech gëscht net awer och gesot, wou Dir d'Schnouer duerchgeschnidden hutt, "Uff"?

Octavie Modert: Eng Aweiung ass an där Hisiicht ëmmer eppes Besonnesches, well een ëmmer ka soen, fein, elo ass een Dossier e Stéck wäit viru komm. "Uff", jo dat hei ass e Projet gewiescht mat deem ech ganz vill Zäit verbruecht hunn, well et mir och wichteg war deen an d'Rei ze bréngen. Ech mengen, dat si mir och de Bierger dobausse schëlleg als Politiker. Dofir hunn ech mech och immens vill selwer dran investéiert. Besonnesch bei de Prozeduren bei de Finanzen, déi mir hu missen an d'Rei bréngen, wat eis gelongen ass.

A wéi mir dat dunn alles op de Schinnen haten, si mir eigentlech an där normaler, esouguer ganz kuerzer Zäit eigentlech, fäerdeg gi fir de Musée an den Délaien an am Budget dann anzeweien.

Natierlech ass et e flotte Moment wann een eppes Neies kann opmaachen. Ech muss awer soen, mir schaffen an der Kultur esou vill, mir hunn esou vill Projeten do, datt een net seet, esou, lo kann deen Dossier ofgeschloss ginn an elo gëtt Vakanz gemaach. Bei eis gëtt ni Vakanz gemaach, well grad och d'Kulturjoer eppes ass wouvunner ee profitéiert wa Vakanzenzäite sinn, fir d'Leit besser dobäi ze kréien. Ausserdeem, en Dossier klasséiers de wann en total fäerdeg ass. En neie Musée geet op an da gëtt net den Dossier zougeklappt.

Jean-Claude Franck: Wéi zefridde sidd Dir elo mam Resultat? Elo kënnen och dëse Weekend jo d'Leit sech e Bild vun deem neie Musée maachen. Wéi hutt Dir elo perséinlech, wat ass Ären Androck?

Octavie Modert: D'Leit waren alleguerten zimlech iwwerschwénglech iwwer de Musée gëschter. Si hu sech alleguer gefreet driwwer, si hunn en och alleguer immens schéi fonnt, si begeeschtert erausgaang, egal ob et méi initiéierter waren, oder aner interesséierter waren. Dat waren eigentlech global méi wéi positiv Echoen, muss ech soen.

Deen zweeten Deel ass natierlech, datt de Minister selwer natierlech och den Experten dee wëssenschaftleche Fräiraum léisst, dee grad am Kultur- a Konschtberäich och muss si fir dat do opzestellen. An ech mengen, hei ass eng Plaz gewiescht wou een elo emol ka gesinn, wéi vill et eigentlech zu Lëtzebuerg an den ëffentleche Sammlunge gëtt vu gudden an héichwäertege Stécker an Ausstellungsstécker déi elo emol konnte gewise ginn.

Mir hunn awer gekuckt, datt déi Szenographie eng ass, déi ganz vill Evolutioun a Mouvement erlaabt, wou een esouwuel eenzel Stécker kann austauschen, wéi och nei Thematiken ugoen. Wat ganz wichteg doranner ass, well déi gréisste Schwieregkeet war eigentlech, datt et 700m2 sinn, wat net immens grouss ass, zwar kléngt, awer net ass, fir eng Ausstellung ze maachen déi e puer Joerhonnerte mat ganz ville komplexen Thematiken an Zesummenhäng soll behandelen. An dofir ass d'Méiglechkeet gemaach a gelooss gi fir e systematescht Virunentwéckelen, och vun der permanenter Ausstellung. Déi souwisou jo ëmmer erëm muss e bësse geännert gi mat der Zäit, fir d'Leit weiderhin ze interesséieren, datt d'Leit weiderhin eppes Neies kënne kucken a gesinn.

Jean-Claude Franck: Sidd Dir dann iwwerzeegt dovun, datt et eng grouss Demande an der Populatioun gëtt fir genau deen dote Musée, och iwwer d'Festungsgeschicht an eben och iwwert d'Fro vun den Identitéiten?

Octavie Modert: Jo, grad do géif ech soen ass et eng grouss Demande. Et war eng zimlech grouss Erwaardungshaltung do. Dir hutt gesot virdrun, dat éischt Gesetz ass viru 15 Joer gestëmmt ginn. Do wësse mir, datt dat jo och zu engem Deel op, loosse mir emol soen, Demande vun Drëtten, vun dobausse komm ass, déi Zäit och Jeunes et Patrimoine a ganz vill anerer. Haut och nach d'Festungsfrënn, déi sech ganz vill dofir interesséieren.

Ech sinn iwwerzeegt, datt dat do e Musée ass deen extrem staark d'Leit interesséiert. Déi déi hei am Land wunnen, Lëtzebuerger, an déi vun deene villen aneren Nationalitéiten. Besonnesch do den Deel vun den Identitéiten a vun de Froen ëm, wie mir sinn, wat mir sinn, wat mir net sinn, wat mar gär wieren oder vläicht ni ginn. Oder wéi mir eis geännert hunn. Dat mengen ech ass besonnesch een Deel dee sécherlech och wäert aner Nationalitéiten an Natiounen unzéien.

Dat war och ee vu menge wichtege Punkten, datt mir eis selwer besser kenne léieren. Dat och zu engem Deel domat zesummenhänkt, datt mir e Stéck vun eiser Geschicht musse besser kennen, wou mir normalerweis net esou vill driwwer wëssen. Si ass och immens komplizéiert a komplex, an awer och eng Plaz wou vläicht een dee Lëtzebuerg net kennt an et net anuerdne kann, sech ëmmer freet, wat ass dat do da fir eppes Komesches, Klenges an deem europäesche Kontext, an näischt domatter ufänke kënnen, ausser mat iergendenger Bankenavenue, sech e bessert Bild kënne maachen an eis besser versti wa se eraus ginn.

Kee weess, vun deenen déi ech just kucken an net kennen, datt mir zimlech laang aarm Schlucker waren, näischt ze räissen an näischt ze bäissen haten, an réischt an de leschten 20 Joer vill méi Sue kritt hunn. Dat kënnt vläicht besser eraus iwwer déi Ausstellung do. Da versti se eis och vläicht besser.

Ech hoffen, datt déi lescht 20 Joer, wou mir méi Sue kritt hunn, eis net verduerwen hunn, wéi een esou heiansdo seet. An dat, mengen ech, si vill Thematiken déi wichteg sinn. Eng Kéier eng Plaz ze hunn déi en Ustouss gëtt fir do ze denken an ze diskutéieren a sech Froen ze stellen. Äntwerten, a virgefäerdegter, fanne mir souwisou keng dodrop, well et gëtt keng fäerdeg Äntwert dorop, an et gëtt sécherlech keng politesch diktéiert Äntwert an deem Musée do dorop.

Jean-Claude Franck: Déi Ausstellung, déi temporär Ausstellung iwwer d'Identitéitsfro, déi gëtt sech wéi et schéngt bewosst onpolemesch a probéiert ze weisen, datt eng Identitéit sech elo net nëmmen duerch d'Nationalitéit definéiert. Ass dat e bewosste politesche Choix, och fir als éischt temporär Ausstellung direkt dee Message ze vermëttelen?

Octavie Modert: Éischtens emol gëtt et déi individuell Identitéit an zweetens déi kollektiv Identitéit. Dat alleng mengen ech weist schonn, datt et wichteg war dee Begrëff vun Identitéit oder Identitéiten, virun allem och hei zu Lëtzebuerg, kënnen ze ëmräissen an unzegoen.

Et ass och eng Ausstellung déi gemaach ass, datt se ganz och besonnesch flott kann op déi Jonk wierken, awer net nëmmen op déi Jonk. An ech mengen, grad fir déi ass et zwar méi wichteg fir vläicht mat engem theoreteschen abstrakte Begrëff, mat deem se guer näischt kënnen ufänken, emol kënne sech dodrunner erunzetaaschten, wat dat iwwerhaapt duerstelle kann a wéi vill Aflëss och do si fir iwwerhaapt kënnen eng individuell oder kollektiv Identitéit kënnen auszemaachen. Dofir mengen ech, ass dat e ganz flotten Astieg an eng Thematik, an eng Diskussioun, déi och mat Konferenzen an anere Saache kompletéiert gëtt, fir dat emol kënnen ze ëmräissen.

Ech wëll just dozou nach soen, datt ech grad do der Uni jo den Optrag ginn hat, a grad do natierlech wëssenschaftlech an akademesch Fräiheet gelooss hunn, fir dat och inhaltlech ze gestalten. Dat heescht, net virdiktéiert wat e Resultat misst sinn, oder wéi eng Meenung misst do hannendrunner erauskommen.

Jean-Claude Franck: Dat Konzept wat jo elo zimlech kloer definéiert ass, dat hat allerdéngs scho missten dann awer direkt am Ufank definéiert ginn, wou de Projet viru méi wéi 15 Joer eigentlech scho lancéiert gouf.

Octavie Modert: Jo, dat war vläicht eng vun deene Schwieregkeeten, vläicht esouguer eng vun deene gréisste Schwieregkeete vun deem Gebai hei. D'Gebai ass gutt virugaange gewiescht, vläicht ze séier, dat weess ech net. Et war viru menger Zäit. An dofir war den Inhalt am Fong net zäitgläich ugaange ginn.

Natierlech hätt dat dann nach e bësse méi laang gedauert gehat. Den Ënnerscheed zu engem Musée wéi deen heiten ass jo och, datt et net duergeet fir d'Gebai fäerdeg ze hunn an dann nach 3 Wochen opriichten, an da si mir fäerdeg. Do ass et e bësse méi komplex wéi bei eenzelnen aneren Ausstellungen. Jo, mä e war net do an dunn hu mir dat ebe missten ugoen.

Ech hätt och léiwer gehat, dat hätte mir nach méi séier kënne maachen. Ech hätt och léiwer gehat, ech hätt net missten Uerdnung an den Dossier dra bréngen. Woubäi vill Leit och do geduecht hunn, ech hätt d'Onuerdnung drabruecht gehat, ech hunn se awer nëmmen erausfonnt gehat, ganz am Ufank gläich wéi ech den Dossier an d'Hand kritt hunn. An ech hätt och léiwer gehat, mir hätten net nach eng Rallonge budgétaire missten hunn.

Ech muss awer dozou 2 Saachen soen. Éischtens, déi Sue sinn net nëmme fir dee Musée, mä just gutt Halschecht vun deene Suen ass fir de Muséesinhalt an och d’Gebai, an déi aner Halschent ass fir d'Befestegung, d'Valorisatioun an d'Restauratioun vu ville Quadratmetere vu Festungen, a Meteren a Kilometeren esouguer vu Festungsmauere vum Kierchbierg erof, Ober- Niedergrünewald, bis an de Pafendall, de Gronn, de Circuit Vauban, d'Sichentrap, ganz villes wat dodrunner hänkt, well plazeweis waren eis Festungsiwwerreschter och net méi am allerbeschten Zoustand.

Mir sollen net nëmmen, scho guer net méi an dësem Dossier, zréck kucken, mä awer ass dat trotzdem och e Patrimoine an en historesche Patrimoine deen een net soll verfale loossen, wat vill Interesse huet. A mir sinn Unesco-Stad, grad wéinst de Festungen, wéinst der Festung an de Fortificatiounen. Dat muss een sech och bewosst ginn. De Musée selwer ass eigentlech net méi deier wéi eenzel korrespondéierend regional oder lokal Projeten. Dat muss een och dozou soen.

Jean-Claude Franck: Mä et ass ebe vill méi deier wéi dat wat am Ufank geduecht war. Et war jo vu 16 Milliounen am Ufank Rieds gaangen, lo geet vun 42 Milliounen ongeféier Rieds. Et ass einfach am Volume immens an d'Lut gaangen iwwer d'Joeren

Octavie Modert: Dat éischt Gesetz war wahrscheinlech guer net geduecht fir de gesamte Pak do ze ëmäerbelen deen et war. Et war och eng Traditioun, et kann een et Traditioun nennen, an den 1990er Joere bis an d'2000er eran, fir ëmmer erëm mat Depassementer vu Budgeten an dann neie Gesetzer nostëmmen ze fueren, awer net nëmmen am Kulturberäich. Dat war iwwerall. Och am ëffentleche Bauteberäich, bei engem anere Ministère dee jo vill méi esou Projete géréiert.

Dofir hu mir eis och vun 2004 un ënner där Regierung nei Prozedure gi fir déi Saache besser an d'Rei maachen ze kënnen.

Ech muss zwar soen, wa mir de Musée probéiert gehat hätten opzemaachen esou wéi et du war, wat iwweregens net gaang war, well et waren nach gewësse Stécker déi am Detail, ganz am Detail net grad d'Finitioun fäerdeg war, mä dann hätte mir eppes iwwer de Knéi gebrach wat näischt gi wier. Dann hätte mir d'Sue méi zur Fënster eraus gehäit wéi elo, si si net zur Fënster raus gehäit ginn, well d'Resultat wierklech probant ass.

Wichteg ass, datt mir eis Prozedure ginn an ginn hunn, och an dësem Dossier an an dësem Beräich, fir d'Ausgaben an d'Schantercher an d'Projete besser kënnen ze suivéieren, ze kontrolléieren. La Preuve, wann ech esou wëll, den Hierscht maache mir zu Diddeleng de Waassertuerm op. Kee grad esou e grousse Projet, mä trotzdem ee wou mir vu vir bis hannen ënner dem neie Regime zoustänneg waren dofir. An deen ass a kuerzer Zäit ideal, optimal a riicht iwwer d'Bühn gaangen. Knips 2 Joer dodrunner geschafft ouni iergend ee Quack. Also, mir hunn d'Saachen elo dee Moment an de Grëff geholl an och kritt.

Jean-Claude Franck: Eng Décisioun vun Iech war et jo, viru gutt 3 Joer oder viru knapp 3 Joer, datt den Nationale Konscht- a Geschichtsmusée zoustänneg ginn ass fir de Musée 3 Eechelen. Nodréiglech gesi war et vläicht déi Ännerung fir et aus der Responsabilitéit vu Sites et monuments ewech ze huelen a bei de Musée ze setzen, déi de Projet awer gerett huet, oder net? Well vun do un ass et jo zimlech séier viru gaang.

Octavie Modert: Absolut, vun do un hate mir awer och d'Etats financiers opgeschafft. Dat hat Sites et monuments besonnesch awer och mat deem neien Direkter Patrick Sanavia a senge Leit déi do waren, plus mat der Hëllef vu Leit aus dem Kulturministère opgeschafft. Dat heescht, du stounge mir och dee Moment do wéi eigentlech d'Spill gemaach war. Du konnte mir de Service erëm frësch eraushuelen.

Mä natierlech war et mir wichteg och engem kënnen deen Dossier an d'Hand ze ginn deen Erfahrung huet mat Ausstellungen op d’Féiss setzen, respektiv mat Muséeë géréieren. An dat war sécherlech och vläicht ee Punkt dee virdru manner beduecht ginn ass. Mä et ass an deem Sënn awer, obschonn et net déi grouss Ausstellungsfläch ass, do ass trotzdem e grousse komplexe Musée gewiescht.

Dofir hu mir och gekuckt, dat vun deem Moment un esou hinzekréien, och mat villen eegene Sammlungsstécker doranner ze maachen.

Retrospektiv muss een dozou nach eppes soen. Deen Dossier do hunn ech eigentlech just mat eise Leit, also intern och erëm op d'Féiss gesat. Mir hu ganz, ganz wéineg extern Hëllef gehat, just eng Kéier nodeem ech eng Kéier esouwäit alles erausfonnt hat, en externen Auditeur, fir ze kucken ob net nach eppes aneres do wier. En huet mir awer gesot, ech hätt alles erausfonnt, ech hätt déi richteg Froe gestallt gehat, si hätte soss näischt fonnt. A mir hunn do ganz wéineg Hëllef vu bausse mat eru gezunn, an och dat mengen ech ass eppes wat een eng Kéier soll soen, a wou ech och wëll onbedéngt e Luef un eis Leit ausschwätzen.

Jean-Claude Franck: Elo huet Lëtzebuerg en neie Musée. Allgemeng ass Lëtzebuerg an de leschten 10 Joer, oder méi esouguer, mat neien Infrastrukture verwinnt gewiescht. Sinn domat elo all déi néideg Konschtberäicher hei am Land ofgedeckt mat Infrastrukturen? Wéi zefridde sidd Dir als Kulturministesch mat deem Réseau deen et hei am Land gëtt?

Octavie Modert: Also ech denken, datt mir wierklech e flotte Réseau hunn, Dir hutt elo ganz speziell d'Konschtinfrastrukturen ugeschwat, vun [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Ech hu Kultur am allgemenge gemengt. Pardon, ech hunn elo net nëmme Konscht gemengt.

Octavie Modert: Dat ass natierlech erëm nach en anere Kontext.

Mir hu vill flott Infrastrukturen. Si fonctionnéieren och alleguer gutt. Si hunn och, besonnesch proportional gesinn, alleguer vill Visiteuren. Et läit mir um Häerz fir och am Zesummeschaffe vill do ze maachen a se a Réseauen ze setzen. Dat ass ëmmer erëm wichteg.

Mir sinn e klengt Land, mä mir sinn awer en onofhängegt Land. Déi brauchen och gewësse Strukturen.

Elo hu mir der vill. Elo ass et och wichteg déi fonctionnéieren ze doen. Elo hu mir och op eenzelne Plazen der genuch. Mä mir hunn och nach ëmmer nei Erausfuerderungen. Ob dat elo Infrastrukture sinn déi da méi en "administrativen Zweck" hunn – ech denken un Nationalbibliothéik, ech denken un d'Archiven. Oder ob et Infrastrukture sinn déi da vläicht méi an d'Regiounen era ginn, wou mir awer och ganz vill Valoriséiere vu Patrimoine nach hunn, ob dat Maarteléng ass, ob dat Duelem ass. Mir hunn och nach, ech hu gesot, datt mir fir mäi Begrëff genuch professionell geréiert Centres culturels iwwer Land hunn. Wat awer wichteg war fir och d’Dezentralisatioun vun der Kultur an de Méiglechkeeten ze erreechen, an och méi Méiglechkeeten ze gi fir eisen, dat fannen ech jiddwerfalls, professionelle Kënschtler Plazen ze gi wou se och kënnen optrieden, ausüben.

Dat, mengen ech, ass jo och ee wichtegen Aspekt. Mir hu vill Kënschtler kritt, besonnesch iwwer déi lescht 5, 6 Joer ass nach eng Kéier e groussen Hoff doranner komm. Si mussen also och Méiglechkeeten hu fir optrieden ze kënnen a fir hir Konscht kënnen, an hir Kultur kënnen ze weisen a sech kënnen do, géif ee soen, ze produzéieren, am richtege Sënn vum Wuert, dat heescht opzetrieden. Dat ass, mengen ech, och e wichtegen Aspekt.

Ech soen Iech och net, wéi vill Demanden nach ëmmer u mech erugedroe ginn, wat nach hei géif feelen, wat nach do soll gemaach ginn. Do wier nach een deen e flotte Projet hätt, do hätt nach een eng interessant Sammlung zesumme gesat. An hei ass nach e lokalen Aspekt deen et néideg huet awer museal opgeschafft ze ginn oder ausgewäert ze ginn. Also, et ass nach ëmmer vill Iddie bei de Leit

Mä ech mengen, datt mir musse kucke wou et wierklech Sënn mécht, wéi grouss et och muss ginn, wann iwwerhaapt nach eppes muss gemaach ginn. An do och ëmmer drop opmierksam ze maachen, et komme jo och Folgekäschten. Et huet kee Wäert, datt s de zum Beispill e Musée opméchs an dech net drëm këmmers herno. Do hu mir eenzelner wou dat méi schwiereg ass. An et muss och systematesch dann erneiert ginn, an däers muss ee sech bewosst si vu vir eran.

Dat heescht, weder soen, mir ënnerdrécke sämtlech nei Iddien an Aktivitéiten, an awer kucke wou se dee gréisste Mehrwert och bréngen a wou se am beschten ugeluecht sinn. An natierlech och kucken, wat kënne mir eis leeschten.

Mä Dir wäert gesinn, mir wäerten an nächster Zäit nach en Deel nei Projeten opmaachen déi zum Deel elo nach an anere Beräicher leien. Ech hunn Diddeleng ugeschwat, mir sinn amgaang och d'Family of Man zu Klierf frësch ënnerdaach kënnen ze bréngen. Also, mir sinn awer amgaangen, mä mir maachen dat lues a lues, Schrëtt bei Schrëtt a mir mussen och kucke wat d'Land sech leeschte kann.

Jean-Claude Franck: Dir hutt eppes awer genannt, dat ass d'Nationalbibliothéik. De leschten offizielle Stand ass, datt 2014 géif ugefaange gi mat Bauen um Kierchbierg fir en neit Gebai fir d'Nationalbibliothéik. Ass dat nach aktuell?

Octavie Modert: Jo, dat ass nach ëmmer aktuell. A leider ass och nach ëmmer aktuell, datt mir eng nei Nationalbibliothéik brauchen. An da komme mir am Fong zréck op déi Diskussioun vu virdrun. Et sinn awer Saachen wou de Bedarf do ass.

De Bedarf ass natierlech bei der Nationalbibliothéik schonn 20 Joer do. Vläicht huet de Standuertwiessel do net gehollef, datt et méi séier viru gaangen ass. Wär virun 20 Joer accord do gewiescht fir op de Kierchbierg ze plënneren, hätte mir vläicht schonn eng do. Bon, war awer net. Et huet och kee Wäert fir doriwwer ze kräischen. An ech mengen, dat war sécherlech déi richteg Diskussioun deemools fir ze soen, och, mir maachen e ganz neie Projet zesummen op enger Plaz.

Datt d'Europaparlament net esou séier plënnert wéi geduecht gi war, ass onofhängeg vun eis. Awer dunn hunn ech gesot et gëtt awer elo Zäit, wa si sech net méi séier prononcéiere wéini se dann definitiv eraus sinn, ob ee Joer kënnt et dann net un, wann eng gutt Plaz do ass, da kënnt et net op 1 Joer an och net op 2 un. Mä wann et der awer 7, 8, 9 si bei engem Zoustand wéi d'Nationalbibliothéik ass, do war et mir wichteg ze soen, elo hätt ech gär, datt mir eppes aneres maachen. An elo hunn ech mam Claude Wiseler zesummen eng aner Plaz gesicht wou déi nei Nationalbibliothéik kann hikommen, och eng flott Plaz, mat enger wichteger Mixitéit vu Public dee ronderëmmer ass, an engem Quartier wou vill Betrib ass, an dat ass nach ëmmer Stand vun de Saachen 2014, jo.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, do ass d'Planung wahrscheinlech dann och schonn zimlech seriös amgaang.

Octavie Modert: Déi ass amgaang. Jo. De ganze Programm, inhaltleche Programm, dat heescht, wéivill Meter carré firwat. Wat wouhinner, op wéi eng Aart a Weis wëlle mir d'Bicher accessibel maachen. Natierlech vill am Libre service, dat ass haut ganz wichteg. An awer och net nëmmen dat wat d'Leit soen, eng verstëbste Bibliothéik, mä haut si Bibliothéike jo ëffentlech Raim, wou ee sech gär ophält an ech mengen, dat ass och en Aspekt deen een do muss bedenken, wann een déi Bibliothéik plangt.

Jean-Claude Franck: Dir hat an engem Interview am Lëtzebuerger Land virun engem gudde Joer d'Iddi vun enger nationaler Konschtgalerie formuléiert, iwwer d'Entwécklung vun der lëtzebuerger Konscht. An Dir hat do eng Iddi proposéiert, datt ee vläicht an engem klengen Deel vum fréiere Palais de Justice kéint e Stack dofir benotzen. Gëtt et do iergendwéi eng Entwécklung an deem Dossier?

Octavie Modert: Dat wier zum Beispill eng Iddi fir et hinzemaachen. Also, et bleiwen ëmmer nach Projeten an Dossieren déi nach unzegoe sinn an ze entwéckele sinn. Dat wär zum Beispill eng Méiglechkeet an eng Iddi fir et ze maachen. Do besteet jo schonn en Duerchbroch.

Mir sinn awer och, wéi Dir wësst, de Moment amgaangen de Wildheim-Fligel, also deen alen Deel vum nationale Konscht- a Geschichtsmusée ze renovéieren an do och eng nei Szneographie a Museographie dran ze maachen, an och do wäert méi Plaz kommen. Et kënnt méi Plaz bäi op bestehendem Raum fir och d'Konscht vum 18. bis 21. Joerhonnert besser auszestellen an och do disponibel ze maachen. Och een Deel vum Edward Steichen sengen eegenen, original eegene Fotoe wäerten do méi e permanente Beräich kënne kréien. Also och do si Méiglechkeete fir un deene Saachen ze schaffen

Jean-Claude Franck: Bleiwe mir nach kuerz bei den Infrastrukture vläicht. Dir sidd jo fir den Denkmalschutz zoustänneg. D'lescht Woch huet eng Biergerbewegung sech dofir agesat, datt d'Ettelbrécker Gare sollt erhale bleiwen, an datt se net sollt wéinst deene geplangtene Stroossen- an Infrastrukturprojeten ewech falen. Lauschtere mir vläicht eng Kéier kuerz wat de Jean-Louis Helbach vun där Biergerbewegung hei op der Antenn dozou gesot huet.

Jean-Louis Helbach (O-Toun): A mir hunn elo virun ongeféier engem Mount nach eng Kéier der Ministerin e Bréif geschriwwen, deen nach einegermoosse kompromëssbereet war, wou mir och signaliséiert hunn, datt mir eis net géife géint en neien Ubau un d'Gare verspären. A bis ewell hu mir do och keng Äntwert. A mir sinn der Meenung, datt do e Conflit d'intérêt ass, datt einfach d'Madame Modert net wëll sech do den Häre Wiseler a Schank, déi ebe fir de Projet sinn, an de Wee stellen an dofir d'Dossieren einfach leie léisst.

Jean-Claude Franck: A bei eis am Studio d'Octavie Modert fir dodrop ze reagéieren. Ass dat dann esou, datt do en Interessekonflikt gëtt, datt Dir dat net wëll als Denkmalschutz vläicht klasséieren, fir datt Dir net engem Projet vun engem Regierungskolleg am Wee stitt?

Octavie Modert: Also, ech si ganz frou, wann ech mol eng Kéier ernimmt gi vun anere Leit dobaussen.

Denkmalschutz ass keen Alibi. Wa si wëllen e Projet verhënneren, an dofir dann och op eemol un den Denkmalschutz denken, dann musse se vläicht bei aner Ministere goe fir mat deenen ze schwätze wa se géint de Projet sinn.

Dat ass ëmmer e bësse Schued, wann den Denkmalschutz an d'Protectioun vu wichtege Gebaier just an esou Kontexter gesat gëtt, an domat eigentlech ëmmer en negativen Numm gemaach kritt, ob et vun der enger oder vun der anerer Säit gekuckt ass.

An do solle se sech net ieren, mä si solle vläicht, wa se wëlle verhënneren, datt dee Projet do kënnt, da solle se eventuell mat, wéi gesot, kucken ob en net ka geännert ginn. Et gi verschiddenaarteg Tracéen, et sinn och verschiddenaarteg Tracéen am Ufank ginn, wou d'Gare net a Gefor war. Da musse se vläicht no deene Saache kucken.

Et muss een awer och nach eppes aneres domat dobäi gesinn. Ech soen, ëmmer Denkmalschutz verhënnert kee Fortschrëtt. Net datt ech domat wëll soen, maacht alles ewech. Mä Denkmalschutz, kuckt, virun allem do wou et ensembelsméisseg wichteg ass, datt eppes protegéiert gëtt an datt eppes bleift. Do ginn et natierlech niewent den Ensembelen och nach eenzel Zäitzeien wou och ausserhalb vun Ensembele wichteg sinn, well se eenzegaarteg sinn, a well et se op kenger anerer Plaz nach gëtt.

An ech mengen, de ganzen Dossier hei muss een och an deem Kontext gesinn. Mir hunn mat iwwer 100 Schäfferéit Kontakter a Begehungen, fir och an deenen neie PAG's Strukturen d'Opmierksamkeet op d'Wichtegkeet vum Ensembelschutz a vum Denkmalschutz ze leeën, a si wëllen hei eppes erausbriechen aus engem Dossier deen eigentlech an engem gesamte Kontext ze kucken ass.

Jean-Claude Franck: Ass dat dann e Gebai awer, wat als eenzelt Gebai Ärer Meenung no derwäert wier fir ze schützen?

Octavie Modert: Mir hu vill där Garen aus därer Zäit, natierlech, logescherweis, well se alleguerten ëm dee selwechte Moment gebaut gi sinn, déi do sinn. Dofir muss een da kucke wat dee wichtegsten Zäitzeien dovunner ass, an deen dee gréissten Wäert vun deene Garen. Mir hunn eenzelner souwisou schonn ënner Denkmalschutz gesat. Si mussen net onbedéngt alleguer drënner kommen. Mä nach eng Kéier, si sollen den Denkmalschutz net als Alibi hei huelen, well se eigentlech wëlle géint de ganze Projet sinn.

Jean-Claude Franck: Ech mengen, si haten an hirem Communiqué geschriwwen, si haten Informatiounen, do kënnt Dir nach vläicht Stellung dozou huelen, datt Sites et monuments, datt déi en Avis dozou ofginn haten, dee positiv gewiescht wier. Ass dat esou? Gëtt et do esou Avise vu Sites et monuments iwwer d'Fro, ob dat Gebai vun där Gare soll denkmalgeschützt ginn?

Octavie Modert: Wa si intern Informatioune mengen ze hunn, dat sinn intern Noten déi eraus ginn – ech mengen d’CoSiMo kuckt jo dann, dat ass nämlech da vläicht och ee vun de Punkten a vun de Problemer, déi kuckt deen eenzelnen Objet vun deem geschwat gëtt an huet u sech net d'Méiglechkeet dat an de Gesamtkontext an de Gesamtensembelskontext ze setzen. Dat ass vläicht en Aspekt deen een do dobäi muss mat berécksiichtegen. A mir mussen natierlech och déi 2 Saachen berücksichtegen. Och de Gesamtkontext vun Denkmalschutz, vun Ensembelsdenken, vun Denkmalschutz ass net einfach nëmme just eenzel Punkten ouni Zesummenhang an ouni Linn an ouni Konzept virzegoen.

Jean-Claude Franck: Dat fir den éischten Deel vun der Emissioun "Riicht eraus" hei um 100,7. D’Octavie Modert, Kulturministesch, bleift bei eis am Studio déi nächst hallef Stonn.

[Noriichteniwwerbléck]

Jean-Claude Franck: A mir hunn am éischten Deel vu riicht eraus iwwert de Musée 3 Eechele geschwat. Schwätze mir elo iwwer en anere Chantier deen Dir hannert Iech bruecht hutt, dee vun der Fusioun vun der Philharmonie a vum OPL, dem Philharmoneschen Orchester. Déi nei Struktur fonctionnéiert jo eigentlech, soe mir Leit déi sech an deem Beräich auskennen.

Octavie Modert: Ech géif soen, jo, si hätte Recht domatter. Well mir hu gesi gehat, ech hu gesi gehat, datt beim OPL ëmmer méi de Chefdirigent sech och anere Froen zougewannt huet, well en net zefridde war domatter wéi dat konnt lafen, an den Orchester zu engem Deel och net, an dann hat e manner Zäit natierlech fir sech op dat Kënschtlerescht erëm ze konzentréieren, wat och net gutt ass. An dofir war et wichteg eng Kéier do kënnen déi Sträng erëm aneschters ze zéien.

Dee leschte Concert vum OPL, virun enger décker Woch wéi si fir hir Frënn gespillt hunn, fir de 25. Gebuertsdag vun den Amis vum OPL, war eng kënschtleresch grouss Leeschtung, wou och erëm gewisen huet wéi vill weider si schonn erëm an hirem Kënnen an an hirem Inhalt virugaange sinn, zanter datt d'Fusioun do ass.

Jean-Claude Franck: Et ass natierlech wéi bei esou Fusiounen, et ass wéi an der Privatwirtschaft, wa Betriber zesummeginn da sinn och eenzel Leit déi vläicht net méi an der neier Struktur sech erëmfannen, déi net méi zréckbehale ginn. Do mécht ee sech natierlech net nëmme Frënn domat.

Octavie Modert: Ech hu mir am gesamten, mat mengem Ressort vum Kulturministère souwisou, net nëmme Frënn iwwerall dohier gemaach. Mä du bass och als Politiker net do fir just eppes ze maachen, wou s du kanns de schéine Männchen maachen, am Géigendeel. Du muss och onpopulär Entscheedungen huelen. Dofir si mir éierlech gesot och do. Ma schéi wann s de där aner Dossiere méi hues oder nëmmen hues. Ech hunn där ebe manner.

Jean-Claude Franck: Zil ass et jo och net, datt d'Leit do op der Streck bleiwen. Ee vun den déclaréierten Ziler vun der Fusioun war et fir Synergien och ze erméiglechen. Wéini fänken déi u mat gräifen? Sinn dat och finanziell Synergien, wou vläicht eng Kéier Sue kënne gespuert ginn, eben doduerch datt déi zwou Strukturen zesummegaange sinn?

Octavie Modert: Et ginn och scho Suen doranner gespuert, well virdrun hat een zwee Marketingsberäicher, zwee Marketingservicer oder Responsabeler, dat kann een elo zesummeleeën. Do kritt ee scho gläich direkt am éischte Moment scho Synergien eraus. Idem Programmatioun, Planung an esou weider, Logistik, etc. Do ass extrem villes méiglech, wou ee kann zesumme schaffen an deelweis esouguer zesummeleeën.

Ech denken, datt déi Saach ganz gutt fonctionnéiert, well ech ëmmer erëm mat vill Virwëtz déi eenzeg lëtzebuerger Musekszeitung, déi awer internationale Charakter och huet, liesen, an do steet ni dran, datt näischt géif goen. Do war och am Januar näischt gesot ginn, datt elo eng Fusioun géif zustane kommen oder ugoe vu Saachen, esou datt ech ganz berouegt sinn a mir soen, dat leeft ganz gutt.

Jean-Claude Franck: Am klassesche Museksberäich huet de Stat an d'Philharmonie investéiert, am Rock- a Popberäich an d'Rockhal. Et gouf vill gefaart, an et gëtt och haut nach emol kritiséiert, datt de Stat do mat de privaten an deelweis och de klengen Organisateuren e bëssen de Botter vun der Schmier hëlt. Gëtt et do en Déséquiliber deen doduerch entstanen ass?

Octavie Modert: Ech mengen éischter, datt mir virdrunner en Déséquiliber haten, well mir gewësse Strukture vun nationalem Charakter net haten. E Land wat keng Musikhalle, fir dann dat Wuert ze gebrauchen, dat heescht keng Concertshal fir klassesch oder anerer och huet, mengen ech kritt sech schlecht positionéiert am internationalen Ëmfeld, wann et seet, dat do interesséiert eis net, mir hunn zwar vill Suen, mä mir stiechen awer keng an d'Kultur a souwisou och an aner Strukturen net

Rockhal ass ähnlech. Et ass déi gréissten Hal, gréisste Kulturhal am Land, wou ee ka Saachen organiséieren. Esou eppes war bis elo net do. Dat heescht, da kënnen och keng Concerte stattfannen. Da kënnen och aner Organisateuren näischt organiséiere wa si d'Plaz net hu fir et hinzebréngen, à moins si hätten d'Finanzkraaft fir et selwer opzeriichten.

An do brauche mir eis jo och näischt virzemaachen. Dat ass hei zu Lëtzebuerg awer och net méiglech, datt dat privat géif kënnen opgeriicht ginn. Dat ass, däerf ech dat esou soen, bal normal, well dofir ass d'Land och ze kleng an déi Ubidder net finanzkräfteg, logescherweis, genuch fir dat kënnen ze maachen.

Wat wichteg ass, ass datt ee ka gutt mateneen zesumme schaffen, well ech och besonnesch bei der Rockhal, dat ass jo de Moment e bësse méi am Gespréich gewiescht, der Meenung sinn an der Iwwerzeegung sinn, datt do soll gutt zesummegeschafft ginn. Datt déi Rockhal och do ass, fir datt Privatorganisateuren dat kënne bannendran maachen.

Natierlech, wann s de Strukturen do stoen hues, déi wichteg international Kënschtler unzéien, muss du och professionell organiséiert sinn, an dat professionell géréiere kënnen, ob s de en ëffentlechen oder privaten Organisateur bass, soss besteet een net do an deem Marché oder an der ganzer Organisatioun. Dat ass mengen ech ee ganz wichtegen Aspekt fir Professionalitéit do un den Dag zu leeën.

Jean-Claude Franck: Wat allgemeng am Kultursecteur festgestallt gëtt, dat ass datt d'Offer awer hei am Land immens grouss ass, a vläicht zougeholl huet, vläicht esou staark, datt awer och vläicht net jiddwer klengen Organisateur kann iwwerliewen an Zukunft.

Octavie Modert: Ech weess net wéi si et virdru gemaach hunn. Wa si virdrun aner Plazen hate wou si dat konnten ausüben, déi si jo nach ëmmer do. Ech denken awer, datt wann Dir kuckt wat alles iwwer déi lescht Joeren entstanen ass – mir haten dat scho virdrun ugeschwat, hat Dir do schonn eng Fro gestallt, wou ech eigentlech och gär géif soen, mir haten awer en Deel Nohuelbedarf. Virun 20 Joer hate mir nëmmen ee Musée am Land, haut hu mir der zwar vill, mä nëmmen ee war och vläicht net logesch.

Wa mir awer gesinn, wéi vill Strukture mir, egal a wéi enger Kulturdisziplin, do stoen hunn an datt si awer alleguer vill Visiteuren hunn, vill Zuschauer hunn, vill Entréen hunn, dat besonnesch och nach an der Proportioun vun deem klenge Land hei, kann ech awer net soen, datt dat net néideg gewiescht wier, datt dat net gebraucht gewiescht gi wier.

Jean-Claude Franck: Mä kann de Stat vläicht déi grouss Offer déi do ass, net kucken, vermëttelen och tëscht den Organisateuren vläicht, datt et besser koordinéiert gëtt, openeen ofgestëmmt ass, oder hält de Stat sech do komplett eraus?

Octavie Modert: De Stat gëtt dat scho ganz vill, mä en ass natierlech net do bei engem Etablissement public fir dat am Alldag doranner anzegräifen an déi Saachen ze maachen. Ech weess och, datt verschidde gutt Relatioune bestinn, anerer sinn natierlech och ëmmer Individuen déi mateneen ze doen hunn. Mä d'Virgab ass ëmmer vum Stat an och den Interessi vum Stat, besonnesch mäin ëmmer, datt een esou vill wéi méiglech Synergien an Réseauen opbaut. An domatter u sech och d'Presentatioun no bausse méi staark mécht. Well dovunner liewe mir alleguer, egal ob dat déi Privat oder déi Ëffentlech sinn.

Wa mir eis endlech dozou hikréien net nëmmen ronderëm de Kultursecteur, wéi den Tourismus oder d'Ekonomie oder anerer mat dobäi, ze akzeptéiere wat d’Kraaft ass vun der Kultur fir eist Land och duerzestellen, mä wa mir och am Secteur endlech akzeptéieren, datt mir net sollen een op deen aneren hacken oder soen, ech sinn awer besser, an et ass net de Ministère deen hei soll e Wuert soen, mä ech war dat, wann et vläicht fir déi zwee richteg ass, da kréie mir eis vläicht vill méi staark duergestallt a si sech vläicht déi aner och vill méi der Stäerkt vun deem Secteur bewosst. A wat dee jo alles schaaft a wat en alles och an dësem Land d'Land verännert huet, kréie mir dat vläicht vill, vill besser eriwwer vermëttelt.

Jean-Claude Franck: D'Kulturpolitik wier net vun de Spuermesurë betraff, hat de Premier a senger Ried zur Lag vun der Natioun gesot. Och am Kulturberäich ginn d'staatlech Budgeten awer vläicht méi genee gekuckt wéi dat awer nach viru Joeren de Fall war?

Octavie Modert: Ech kucke se selwer genau, well ech net der Meenung sinn, datt mir Suen sollen zur Fënster erausgeheien, mä datt mir mat de Sue sollen d'Saache gutt maachen a wichteg Saachen domatter maachen.

Neen, ech kann net behaapten, datt mir d'Kultur en anert Affer wär, oder méi e liicht Affer, oder do gekappt géif gi wat op anere Plazen net de Fall wär, am Géigendeel. Ech kämpfen och dofir. Mä ech kréien och Gehéier dofir. An ech mengen, datt mir e verhältnisméisseg detailléierten, also zimlech detailléierten an e verhältnisméisseg grousse Budget ze géréieren hunn, wat vill Aarbecht ass. Vläicht hu mir net genuch Hänn heiansdo fir dat ze maachen. Dofir maachen ech zu engem Deel och méi selwer, wéi dat vläicht op anere Plazen néideg ass. An dat gëtt da vläicht den Androck, wéi bei eis méi gekuckt géif ginn.

Wat wouer ass, dat ass dat Eenzegt wat ee vläicht an de richtege Kontext muss setzen: eis Haiser schaffe gutt an hunn, dohier datt ech hinnen alleguer d'Gestion séparée ugedroen hunn an arrangéiert hunn, bei de Finanzen natierlech och Einnamen déi si selwer hale kënnen. Dat ass gutt. Mä Einnamen déi s du selwer häls, déi si jo awer net do fir einfach dir dat an eng gëlle Rumm un d'Mauer iergendwou oder op de Schreifdësch ze setzen, mä déi si jo do fir gebraucht ze ginn. Dat heescht, da gëtt och de gesamte Bedarf gekuckt. An ech mengen, mir sollen houfreg sinn, wéi gutt eis Haiser wirtschaften, datt si Suen erakréien, an datt si domatter och kënne maachen, datt hir Dotatiounen och mat Momenter kënnen zum Spuereffort, deen d'Gesamtregierung an d'Gesamtland muss maachen, bäidroen, well si gutt geschafft hunn a Saachen agewirtschaft hunn an domatter hir Dotatioun vum Stat kënnen erofgesat kréien.

Dat ass besonnesch temporäre mat Momenter de Fall, an dat ass awer och net bei jiddwerengem de Fall. D'Reservë sinn net do fir nëmmen um Spuerbuch ze leien, scho guer net zu Momenter wou et der Landeskeess manner gutt geet.

Jean-Claude Franck: Eent vun Ären Ziler ass et ëmmer gewiescht fir Kultur och fir Jonker an och fir sozial Schwaacher méi zougänglech ze maachen. Et gëtt de Kulturpass. Huet deen dann och dozou bäigedroen, datt déi Kategorie vu Leit och wierklech méi fir Kultur interesséieren? Hutt Dir do iergendwéi schonn eng Evaluatioun?

Octavie Modert: Ech wär selbstverständlech frou, wann do nach méi Leit géife kommen. Dat ass ganz kloer.

Mir hu systematesch ëmmer an iwwerall Leit déi mam Kulturpass erakommen. Zueleméisseg ass dat elo nach net d'Halschecht vun allen Entréeën. Dat ass sécherlech nach steigerungsfäeg, an op deem Punkt mengen ech muss een och weiderhi schaffen.

Natierlech ginn et Saachen déi si méi interesséieren a manner interesséieren an d'Vermëttlung ass dobäi och ganz wichteg, datt se wësse wéi si kënnen domatter ëmgoen. An heiansdo gi si léiwer an enger Grupp dohinner hin, well d'Schwellenangscht dann net méi do ass. Well si da wëssen, et ass keen Thema fir eranzekommen. An do si Saache wou mir och dru schaffen, wéi mir dat vläicht nach e bësse ... mä mir hunn iwwerall Leit déi mat dem Kulturpass eraginn, och an eise Muséeën, och an eisen zäitgenëssesche Muséeën. Also, e gëtt scho benotzt an e gräift schonn

Esou eppes ass souwisou näischt wat vum éischten Dag vun der Akraafttriedung direkt vun 0 op 100 geet, dat ass ganz kloer. Dat ass och eng Progressioun an e progressive Prozess.

Jean-Claude Franck: Mir kéinten nach weider iwwer d'Kultur schwätzen, Dir sidd awer net nëmme Kulturministesch, mä och delegéiert Ministesch fir d'Fonction publique a Ministesch fir d'Simplification administrative. Dir sidd och zoustänneg fir d'Relatioune mam Parlament nach esouguer. Nieft dem Volet Kultur dierf dann de Gros awer vun Ärer Zäit dat lescht Joer virun allem an der Fonction publique wahrscheinlech dropgaange sinn, oder?

Octavie Modert: Jo, Fonction publique ass och e spannenden Dossier. En ass dohier ganz spannend, well et flott ass grouss Reforme kënnen unzegoen. An déi wollte mir maachen, den Här Biltgen an ech.

Ech mengen, datt et ganz wichteg ass d'Fonction publique, nodeem dat Gesetz wat do ass eigentlech 50 Joer huet, awer eng gutt Basis hat, awer och kënnen trotzdem d'Fonction publique an d'21. Jorhonnert eran ze bréngen, wat wichteg ass. Esou gutt wéi dat Gesetz war, d'Gesellschaft huet immens geännert. An der Kultur spiert een dat a gesäit een dat ganz gutt. Mir kënnen net méi mat deene selwechte Mëttele virgoen. Mir kënnen och bei engem gewuessene Mataarbechterkreess vum ëffentlechen Déngscht net méi mat deene selwechte Moyenen an Instrumenter virgoen, wéi wéi se nach méi kleng war. Och do muss een eng Upassung maachen.

Jean-Claude Franck: Ginn déi Gesetzesprojeten da geschwënn deponéiert? Et ass jo esou, datt am Regierungsrot schonn Texter duerchgaange sinn. Et heescht awer, et géifen nach Texter kommen. Wéi wäit sidd Dir do?

Octavie Modert: Jo, zwou Saachen do dozou.

Mir wäerten elo virun der Summerpaus nach eng Kéier d'Texter definitiv duerch de Regierungsrot bréngen déi mir hunn – well dat war nach just eng Iwwerleezäit wann een nach huet missen nach eng Kéier eppes iwwerliesen an nach eng Kéier eng Inkohärenz festgestallt gehat hätt – déi dann och nach am Summer déposéiert ginn.

An da kommen da geschwënn duerno déi, an dat ass den zweeten Deel vun Ärer Fro gewiescht, kommen déi sektoriell Texter déi sech op gewësse spezifesch Secteuren applizéieren, wou dat e bëssen aneschters deklinéiert muss ginn, wéi dat wat ee fir déi klassesch, wann ech dat esou däerf soen, Bürosverwaltunge vun de Prinzipien hier kann arrangéieren.

Et muss ee verschiddene vun deene grousse Philosophien déi mir erabruecht hu liicht aneschters definéiere fir d'Arméi oder d'Police oder den Enseignement, vun der Magistratur net ze schwätzen, well do kënnt et och an e separaten Text erastoen, wéi dat fir eng Administration gouvernementale de Fall ass. An dofir ass et normal, datt si hir eegen Texter kréien, déi sech awer an der Philosophie an an de Linnen hale vun deem wat d'globaalt Konzept ass fir de ganze Stat.

Jean-Claude Franck: Elo huet d'Regierung par rapport zu deem wat am Ufank geplangt war an deem wat elo kënnt Waasser an hire Wäin geschott. Gesitt Dir dat als positiv un, datt d'Resultat doduerch elo besser ginn ass oder war einfach net méi dran? Et ware jo staark Verhandlungen, och mat der CGFP, et gouf zum Deel grousse Widderstand. Wéi géift Dir dat Resultat elo beschreiwe wat erauskomm ass.

Octavie Modert: Also ech denken, datt et awer och nach ëmmer gutt ass wann ee grouss Reformen am Konsens duerchkritt. An déi déi d'Reforme jo och mussen applizéieren herno, well dat ass jo beim ëffentlechen Déngscht ëmmer de Fall, do sinn déi zwou Säiten, d'Beamte sinn op eng duebel Aart a Weis betraff dovunner, wann een déi mat an d'Boot hëlt a mat an d'Boot kritt, an dat vun hinne matgedroen ass vu vir eran.

Hautdesdaags hu mir op anere Pläng, wéi an der Tripartite, eng Erfahrung, datt de Konsensualismus, wéi dat esou ëmmer geheescht huet, hei zu Lëtzebuerg net méi esou staark wär, besteet awer nach. Da musse mir just wëssen, hu mir léiwer esou oder hu mir léiwer aneschters.

Ech mengen, datt mir vun deene Saachen déi mir ugeduecht haten, all déi grouss wichteg Froen nach ëmmer dran hunn, mä datt mir se am Fong geholl, wat d'Alldaagsdeklinatioun dovunner mat dem Sozialpartner ugeet, iwwerkuckt hunn, duerchgeschwat hunn. An dann natierlech, wann s de wëlls, datt s du zu zwee viru kanns schwammen, da muss natierlech deen een an deen anere Kompromësser maachen.

Mä éierlech gesot, dat ass eng ganz grouss Reform an ech weess net, ob sech vill anerer un esou eppes erugewot gehat hätten. Et ass herno ëmmer vläicht méi einfach ze soen, et ass eppes geännert ginn dran, mä ech weess net ob all Regierung oder all Partei oder wéi e Minister d'Loscht, d'Kraaft an d'Réckgrat gehat hätt fir dat do unzegoen. A wa mir schwätze vun enger grousser Reform vun dem neie Joerhonnert, dann ass dat do souwisou eppes wat net all Joer 27 Ännerunge kritt. Also, dann och éischter ee Joer méi laang dorunner ausschaffen, wat wierklech net an d'Gewiicht fält.

Jean-Claude Franck: Ass d'Reform dann awer nach käschtenneutral, esou wéi dat am Ufank virgesi war? Et si jo eng Partie Saache wou Dir méi spueren nach wollt wéi dat wat zréckbehale ginn ass.

Octavie Modert: Si ass ëmmer nach käschtenneutral. An dat mat dem Accord salarial zesumme gekuckt, dat ass also schonn eppes.

Bis elo sinn dacks hei am Land, egal a wéi engem Beräich, méiglecherweis och am Beräich vum ëffentlechen Déngscht, Reforme gemaach ginn an deenen de Stat dann eppes méi an d'Woschuel – awer net nëmmen am Beräich vun den ëffentlechen Décideuren, och am Privatsecteur si ganz dacks Reforme gemaach ginn, andeems an déi aner Woschuel dann e finanzielle Virdeel drageluecht ginn ass. Dat mengen ech muss een hei dobäi och nach matbedenken. An do mengen ech muss een och awer och soen, datt och de Verhandlungspartner awer e gewëssenen Deel u Verantwortung an u Verantwortungsbewosstsinn vis-à-vis vum Bierger dobausse mat un den Dag geluecht huet.

Ech muss soen, an dat huet nämlech guer net esou laang gedauert gehat, mir sinn immens séier mat hinnen eens ginn, wéi d'Regierung huet misse Spuermoossname maachen, fir hiren Accord salarial ze verleeën. An do hu si immens séier hir Verantwortung iwwerholl an dat gewosst. Also, do si mir wierklech ganz séier mat hinnen eens gewiescht.

Jean-Claude Franck: Elo wëllen d'APESS an den SEW, also dat sinn zwou Gewerkschafte jo aus dem Enseignement, d'Gehälterreform a Fro stellen. Dir sot, dat ka just d'CGFP maachen, déi huet sech jo awer engagéiert vis-à-vis vun Iech. D'Conciliatioun ass elo op den Hierscht verluecht.

Wéi wëllt Dir Iech do mat der APESS a mat der SEW eens ginn?

Octavie Modert: D'Suite vun der Conciliatioun ass op den Hierscht fixéiert ginn, effektiv, nodeems d'Regierung 2-3 Mol mat hinnen zesumme war a si gesot hunn, si géifen den nächsten Datum gär am Hierscht maachen.

Dozou muss een zwou Saache soen: dat éischt ass, datt de Gehälteraccord a Reforme fir de gesamten ëffentlechen Déngscht natierlech mat der, wéi et och an eisen Texter steet, mat der iwwergräifend representativer an der grousser representativer Gewerkschaft ofgeschloss gëtt. Dat war nach ëmmer esou hei. Dofir musse si sech vläicht bewosst si wat si wëllen: sektoriell Froen ugoen oder déi vum iwwergräifende Reform- a Gehälteraccordstext. An dat ass mengen ech déi grouss Fro déi sech hei stellt. Wëlle si géint Schoulreforme goen oder wëlle si géint Fonction publique-Texter goen. Da musse si och wësse wou si sech situéieren.

Et kënnt dobäi, datt si natierlech och fir zwee verschidde Beräicher an hirem Ressort sech andeelen. Dat eent ass jo dann de Fondamental an dat anert ass de Secondaire. Och do sinn dann erëm deelweis Ënnerscheeder, jee nodeem wouropper ee sech braquéiert. De Ministère vum ëffentlechen Déngscht huet, wann en iwwergräifend Reforme mécht, natierlech den Diskussiouns- a Verhandlungspartner, d'CGFP, déi an deem Beräich do national och déi eenzeg sinn déi national representativ sinn. Dat soen awer och eis Texter.

Jean-Claude Franck: Si soe jo elo, de Bewäertungssystem zum Beispill, wat jo eng vun den Neierungen ass an der Gehälterreform, dee wär esou am Enseignement net applicabel. Kënnt Dir Iech da virstellen, datt deen zum Beispill am Enseignement ganz géif ewechgelooss ginn?

Octavie Modert: Ech denken net, datt dat gutt wär. Ech denken och net, datt dat fir den Enseignement gutt wär, wann do eng vun deene groussen Neierungen déi, mengen ech, dobausse souwisou positiv gekuckt ginn, mä awer net nëmmen do, och a ville Verwaltungen intern positiv gekuckt ginn, bei hinnen net wären, a wa si sech géifen deem verschléissen do eng vun deene groussen Neierungen anzeféieren.

Datt si bei hinnen aneschters gemaach gëtt, dat ass ee vun deenen Aspekter wou ech virdru schonn ugeschwat hunn, wéi an der klassescher Bürosverwaltung, dat ass natierlech eng aner Fro an dat ass och eng richteg Fro. Dat si jo och Saachen déi mir amgaange sinn ze kucken, zesumme mat dem Éducatiounsministère an hirer Ministesch, fir ze kucke wéi dat am beschten applicabel ka ginn op dee Secteur.

Dee selwechten Exercice maache mir och an anere Beräicher wéi Police oder Arméi. Do ass et och eng aner Fro wéi an der klassescher Verwaltung. Also, dat ass dann do wou d'Prinzipien natierlech mussen ugepasst ginn op den Terrain an op déi Spezifizitéite vun där Verwaltung.

Jean-Claude Franck: Dir sidd och zoustänneg fir d'Simplification administrative. Zil vum Ofbau vun de bürokratesche Prozeduren ass jo eppes wat haut a kenger politescher Ried méi däerf feelen. Sidd Dir der Meenung, datt Dir awer an dëser Legislaturperiod do konkret virukomm sidd?

Octavie Modert: Mir hu ganz besonnesch an dem éischte Joer immens vill doranner geschafft gehat, well et jo der Regierung wichteg war fir direkt am Ufank do Fortschrëtter ze maachen a séier doranner virunzekommen.

Mir hunn du scho grouss Gesetzer ugaange gehat, gläich wéi de Commodo, de Moment ass nach den Aménagement du territoire amgaangen. Mir haten am Beräich vun den Autorisations d'établissement ganz villes gemaach a kuerzer Zäit. Esou datt immens vill Bilan scho gläich an deenen éischte Momenter do waren. An dat gëtt vläicht heiansdo vergiess an iwwersinn. Tatsaach ass [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Patronatsvertrieder soe regelméisseg, mir mierken nach näischt dovun.

Octavie Modert: Jo, Patronatsvertrieder soen andauernd – ech weess net wat een do muss maache goen, wahrscheinlech all Dag 3 Mol dohinner goen a soen, ech sinn en Dichtegen an ech hu scho vill gemaach.

Vläicht fält et hinne manner op, well et eben, an dat ass iwweregens ëmmer meng Schaff Aart a Weis, well ech ëmmer kollegial schaffen, egal ob dat elo tëscht Kollege Ministeren ass oder mat menge Mataarbechter. Hei ass net nëmmen ee Minister dee sech do an d'Fënster stellt, mä hei si vill Ministeren déi dorunner matschaffen an an déi och deenen Dossieren an och an hiren Haiser do mat zou bäidroen. Dofir fält dat hinne vläicht manner op.

Ech hunn och ëmmer den Androck, datt et bei hinnen am meeschten déngt, wann s du virun allem bei si schwätze geess an du sees, ech géif jo, mä déi aner hunn net. Sorry, esou fonctionnéieren ech net.

Mä ech kucken, datt mir eppes maachen, an datt mir dat zesumme mat deenen anere maachen. Ech denken net, datt si den Androck hunn, datt näischt geschitt wier, well soss hätte si vläicht scho méi de Kontakt mat mir gesicht, dee si éischter oder léiwer mat eenzelnen anere Ministeren hunn, wat si awer däerfen. Mä da solle si net nëmmen deenen nolauschteren, wann do Verschiddener waren déi an de Mikro ëmmer gesot hunn, et geschitt näischt, et geschitt näischt. Ma och déi hätte vläicht solle soen, well an deenen eegene Ministèren, wou do ee war deen dacks esou Saache gesot huet, sinn och Dossieren net virukomm. Do hate si et selwer an der Hand an hunn et nawell net gemaach.

Mä et ass natierlech ëmmer flott wann s de een Thema hues wou s du dech drop kanns braquéieren.

Et ginn och Ënnerscheeder. Menge si déi grouss Prozeduren oder menge si eenzel Dossieren? Vu datt awer vill geschwat ginn ass, a si gesot hunn, mengen ech, ass dat och eent vun den Elementer gewiescht wat de Staatsminister gesot huet, mir setzen eis elo alleguer eng Kéier zesummen un den Dësch, an da sot Dir um Dësch wat de Punkt ass a wourëms et geet, amplaz ëmmer hei oder do iergendeppes an d'Welt eranzeschwätzen.

Datt och eng Kéier en Dossier hänke bleift kann ech jo a wëll ech guer net ausschléissen. Da solle si dat och da soen. Heiansdo musse si d'Kand mam Numm nennen, an du muss net einfach diffus soen, et geschitt näischt. Mir si scho ganz vill Gesetzer ugaangen.

Jean-Claude Franck: Et muss ee jo och bedenken, datt een dat do net kann an d'Onendlecht virundreiwen, well et muss ee verschidden demokratesch Prinzipien, wéi zum Beispill e Recht fir Recours anzeleeën, net einfach kann ofschafen. Dat ass wahrscheinlech och eng Gefor dovunner. Wann een déi doten Diskussioun ze wäit dreift.

Octavie Modert: Dat ass eng Gefor déi mir wëssen ze vermeiden.

Mä natierlech, wann s de der Meenung bass, am Beschte wär et haut gefrot, muer ouni iergendwellech aner Zesummenhäng accordéiert, jo dann hu mir net genuch gemaach an der Simplification. Mä dat wäerte mir sécherlech net hikréien, well s du och ëmmer d'Recht vun deem enge bei d'Recht vun deem anere muss stellen an do net alles kanns maachen. Da muss de nawell Prioritéite setzen innerhalb vun deenen dote Rummen a soen, elo wëlle mir méi séier virukommen, elo kënne mir do vläicht een Délestage maache vun zousätzleche Prozeduren déi net néideg sinn, well mir och de Prinzip soss hikréien.

Och an der Fonctioun publique hunn ech do e ganze Koup Saache gestreamlined an Prozeduren vereinfacht, wat also Alldag ass, déi néideg sinn.

Ech mengen, datt et wichteg ass an dat soen ech och ëmmer, och neie Beamten, iwwerdenkt systematesch a permanent wat mir hunn. Brauche mir et nach, ass et nach néideg, musse mir et vläicht änneren? Mä ëmmer erëm bedenken, datt mir och net fir eis selwer do sinn, mä datt mir natierlech do si fir de Bierger dobaussen, datt d'Leit dobaussen eis Cliente sinn, an datt mir net e Selbstwzeck als ëffentlechen Déngscht sinn, datt mir so si fir de Leit an dem Land virun ze hëllefen; ëmmer erëm sech dat an de Kapp ze setzen, wann mir an deem Kontext iwwerblécken, wat si meng Prozeduren, wat ass do néideg, wat brauch ech?

An dat sinn awer Prozesser déi ganz staark amgaange sinn. Dat sinn och Prozesser, déi erëm mat eiser Reform vum ëffentlechen Déngscht zesummenhänken, well do vill méi dacks och eng normal Afrostellung ass. Net ëmmer [ondäitlech], datt s de herno op d’Conclusioun kënns, et wier net gutt. Ma du muss awer dat heiansdo iwwerdenken. An ech mengen, dat ass e wichtege Prozess, dee mir och mussen aféieren an e Gesamtfonctionnéiere vun deem eenzelne Beamten, esou gutt wéi vun der ganzer Verwaltung.

Jean-Claude Franck: Um Enn eng kuerz Fro: sidd Dir bereet, nach eng Kéier 2014 fir d’CSV mat an déi nächst Chamberwahlen ze goen

Octavie Modert: Oh, Dir sidd fréi un. Ech sinn elo amgaange mat schaffen, ech hu mir déi Fro nach net gestallt, well ech och denken, datt se sech net stellt, an datt se eigentlech automatesch sécher ass, datt ech vill Aarbecht hunn, an datt een heiansdo dat och physesch spiert, ma datt ech ëmmer Politik gär hat als am Déngscht vum Bierger stoen, an datt ech déi ëffentlech Saachen, also res publica am latäinesche Senn vum Wuert, gär hat, an ech dofir interesséiert si fir kënne virun ze schaffen.

Jean-Claude Franck: Radio 100,7, dat war et fir déi lescht Emissioun „Riicht eraus“ virun der Summervakanz. Live am Studio déi lescht Stonn war d’CSV-Ministesch Octavie Modert. Merci, datt Dir bei eis waart.

Octavie Modert: Merci an eng schéi Vakanz.

Dernière mise à jour