Octavie Modert à l'occasion de la présentation de la progression des travaux de transformation et de restauration menés par le Service des sites et monuments nationaux au Plateau du Rham à Luxembourg-Ville

Mir brauchen en nei Versteesdemech fir éise Patrimoine a fir d’Denkmalfleg. Dofier maachen ech all Jors de Summer iwwer Visite mat der Press, fir eis Denkmäler virzestellen an ze erklären, grad esou wéi d’Arbechten, déi mir iwwer SSMN dorunner maachen.

Éis Geschicht ass dem Lëtzeborger wichteg, an en hänkt un der Festung vun der Stad Lëtzeborg. Dat ass goutt esou. Mir brauche generell en nei Verständnis vun diim, wat éis Geschicht ausmëcht, a wéi ee Patrimoine dozou zielt an derfier erhällt, a mir brauchen d’Verstoen, dat Authenticitéit vum Erhalen dee Moment e wichtegen Aspekt ass.

Haut kënne mir Iich en nei Stéck Festungsgeschicht weisen, hei op der Rhum: dat gläichzäiteg och e wichteg Stéck Sozialgeschicht vum Land ass a vun de kliine Leit. Gläichzäiteg gëtt dat hei iin nei Offer am Tourismus, mat iim Ausbau vum Ugebuet fir d’Touristen dorch d‘Kultur. Mir wëllen Iich de Chantier fir hier Mise en Valeur an de Fortgang vun den Arbechten dozou virstellen.

D’Regierung hat wéi Dir jo wësst 2008 entscheed, fir am Kader vun de Krisenarbechten, also de Konjunktursouen, och der Kultur iwwer de Service des sites et monuments nationaux eng spezial Dotatioun ze ginn als Invest fir an d’Ekonomie, fir eng Rei Arbechten méi kënnen ze machen, an esou der Economie ze hëllefen a Krisenzäiten.

Déi Verantwortlech bäi Sites et Monuments hu séier entscheed, fir dese Site a Stand ze setzen. Et war och héich Zäit ginn, well virun allem 2 vun de mëttelalterlechen Tierm ganz schlecht waren. D’Sëcherheet vun den Bauten hannendrun, dei SERVIOR graad ugefaangen hat ze restauréieren, stung och um Spill. Grad esou wéi déi vun der Eisenbunn, déi hei just hanne laanscht leeft.

Et gouff du och décideiert, fir dis ganz Gelänn a senger Villschichtechkeet ze valoriséieren. Effektiv hu mer hei gläich 3 Couche vu Festungsgeschicht : Mëttelalter, 18. an 19. Jh., also vu Wenzel iwwer Vauban bis an dei preussech Zäit. Hei ass also ganz vill mateneen op engstem Raum. An dat mëcht et fir den Visiteur interessant, wann e wëll séier verstoen wéi sech d’Festung entwéckelt huet: dat ass also dat charakteristesch Element vun disem nei zougänglechen Stéck Festungsgeschicht an der Stad.

Mir sinn elo hei, wou de Wenzelswee vum nächste Freijoer un doduerchlaafe wärt. Dese Circuit, deen et zanter 1995 gëtt an deen wéi Dir wësst e ganz grousse Succès huet bäi den Touristen an awer och bäi de Lëtzebuerger, gëtt also e bessche méi grouss an nach e bessche méi spannend an interessant. De Plateau vun der Rhum kann een da ganz erliewen. Et gesäit een dat, wat mer haut di éischte Kéier mat Iich besichen. Mir ginn duerch eng Caponnière an den Ravelin erop, deen de Vauban baue gelooss huet an den iwwert 100 Joer ennert enger Schicht Buedem luch.

D’Arbechten déi mir hei 2010 ugefaangen hunn, sinn elo zu engem groussen Deel ofgeschloss. D’Restauréierungsaarbechte vun der historescher Substanz ginn dësen Hierscht 2013 färdeg. Et ass e groussen a komplizeierten Projet vu Sites et Monuments. Dono mussen awer nach eng Rei infrastrukturell Aarbechten gemaach ginn, didaktescher an touristescher Natur, fir datt d’Accessibilitéit vum Plateau an allen Hisiichten beschtméiglech garantéiert ass (wéi zb Gelänneren, didaktesch Panneaux’en, Signalisatioun etc.), sou datt de ganze Site da Mëtt 2014 färdeg gëtt an dem Publikum erschloss ass.

Dertëschent ginn awer punktuell Féierungen (och lo schonn!) vun de Festungsfrënn ugebueden. A wéi wäit d’Leit vum Hierscht u scho selwer an op sëch kënnen doduerchgoen, hänkt virun allem och vum Virukommen vum Servior-Chantier of. Mee sporadesch Visiten mat Guide si garantéiert. Mëtt 2014 ass wéi gesot alles färdeg, souguer e Mirador deen um éischten Tuerm hei nach wärt agezuge ginn. Och besteet dann d’Meiglechkeet, iwwert en ale Kanounenwee, iwwert eng Foussgängerbreck iwwert d’Eisebunn, weider ze goe bis op den Cents bäi den INS a bäi e weider Stéck Festung, de Fort Rumigny.

Dës Aarbechten bréngen eis also e wichtegen Deel vun der Festung méi no. Si hu Weeer fräigeluet, déi mer scho bal vergiess haten. Si machen domadder d’Stad nach méi attraktiv virun allem fir all Zort vu Foussgänger, ob Tourist oder einfachen Passant. Och déi eeler Leit aus dem CIPA hunn nët nëmmem eng flott – a sëcher ! - Kuliss direkt bäi hierem Appartement, mee si kënnen sech och an déer Kuliss bewegen an sech mat aneren Leit begéinen. Dat ass wichteg fir hier Wuelsinn a fir den intergenerationnellen Austausch.

Dir gesitt, Denkmalfleg ass nët einfach e bëssche Gadget, mee Denkmalschutz kuckt ëmmer den Zesummenhang a steet ëmmer an iim groussen Zesummenhang an Zesummespill mat deene villen Elementer, déi d’Geschicht ausmaachen; e kuckt d’Bedeitung vun iim Denkmal. Ech hoffen, dat och dise Projet an dis Monument grouss Opmerksamkeet kréien an der Press an an der Ëffentlechkeet.

Well hei ass wéi gesot déi eenzeg Plaz wou e Besoucher d’Villschichtegkeet vun eiser Festungsgeschicht am beschte verstoe kann. Et ass also e wichtege kulturhistoreschen, kulturtouristeschen, an awer och pädagogeschen Highlight, dee sëcherlech iin ganz Rëtsch vu Retombeee waert hunn. Dofier sinn hei och vill Krisesouen investéiert ginn, an dat hott e Koup lëtzebuerger Baubetrieber eng Zäit laang liewe gelooss. A virun allem ass et e wichtegen Deel vum Wenzelstour, dee vum Conseil de l’Europe als "itinéraire culturel exemplaire" ugi gëtt.

Ech soen Iech villmols Merci fir all Ären Interessi!

Dernière mise à jour