De Georges Hausemer krut den 23. Oktober 2017 am Mierscher Literaturzenter de Batty-Weber-Präis iwwerreecht a gouf domat fir säi Gesamtwierk ausgezeechent.
An hire Riede sinn de Kulturstaatssekretär Guy Arendt, den Direkter vum CNL Claude D. Conter an de Laudator Jean-Marc Lantz op d’Wierk vum Georges Hausemer agaangen – e Wierk, dat räichhalteg ass a vill Facetten huet.
De Guy Arendt huet dem Jury fir dëse Choix felicitéiert an den Asaz vum Georges Hausemer fir d’Lëtzebuerger Literatur gewierdegt: "Als Matgrënner vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband, als Fërderer vun enge sëllege literareschen a kulturellen Anthologien a méi rezent als Verlagsgrënner huet de Georges Hausemer sech vun Ufank u fir de Statut vum Lëtzebuerger Auteur a vun der Lëtzebuerger Literatur agesat. Et ass genee dat exemplarescht Engagement am Lëtzebuerger Literaturbetrib, dat de Jury ënner anerem iwwerzeegt huet."
De Batty-Weber-Präis ass nom liberale Journalist a Schrëftsteller Batty Weber benannt, deen ëm 1900 bis zu sengem Doud 1940 eng wichteg Roll am kulturellen a literaresche Liewen zu Lëtzebuerg gespillt huet. E gëtt all dräi Joer verdeelt an ass mat 10.000 Euro dotéiert.
Communiqué par le ministère de la Culture