Den neien Internetsite vum Centre national de littérature: http://www.cnl.public.lu

Dat neit Konzept vum Internetsite vum Centre national de littérature / Lëtzebuerger Literaturarchiv verbessert d’Visibilitéit vu senge Missiounen a presentéiert eng ganz Rei nei a verbessert Rubriken:

  1. Ënnert "Le CNL/Dons et mécenat" ass de Public ugeschwat, deen dem CNL literaresch Dokumenter a Material vun Auteure wëll en vue vun der Konservatioun bréngen. De CNL freet sech och iwwer Spenden a Mäzenen, déi Fuerschungsprojeten a Projete vun der Literaturvermëttlung wëllen ënnerstëtzen.
  2. Ënnert der Rubrik "Actualités" stinn nei Noriichten aus den dräi Rubriken "Dons", "Nouvellement accessible" an "Objet du mois". De CNL presentéiert do, wéi ee Material a leschter Zäit an d’Archiven erakomm ass a wéi eng Fongen nei katalogiséiert goufen. Den "Objet du mois" weist all Mount en neien Objet aus enger Sammlung oder aus engem Fong a wëllt de Public an d’Chercheurë virwëtzeg maachen op déi räich Fongesammlung am CNL.
  3. Ënner "Archives" si virun allem d’Rubrike "Fonds d’archives" mat enger aktueller Oplëschtung vun de Fongen an d’Rubrik "Bibliothèque" ze fannen, wou de Visiteur och iwwer déi verschidden "Outils de recherche" informéiert gëtt
  4. Ënner "Archives/Auteurs" fënnt een dee beschtbekannten a vill genotzten "Autorenlexikon/Dictionnaire des auteurs"
  5. Och gëtt ee vun der Säit direkt op den CNL-Bichershop verwisen, wou ee bequem sämtlech CNL-Publikatioune kann online bestellen.

Communiqué par le Centre national de littérature (ministère de la Culture)

Dernière mise à jour