Liesung aus dem Buch „Rasch(t)Auer“ (05.11.2014)

©Éditions Guy Binsfeld
,Liesung aus dem Buch „Rasch(t)Auer“

De Centre national de littérature an d’Éditons Guy Binsfeld lueden an op eng Liesung vum Roland Harsch aus sengem neie Buch „Rasch(t)Auer“, e Mëttwoch, de 5. November 2014 ëm 19.30 Auer.

Musikalesch Begleedung: Jean-Marie Oberlinkels a Serge Wenzel

Tëschent där enger an där aner Rasch-Auer (rush-hour), wou alles „rasch, rasch“, séier, séier muss goen, kënnt och ëmmer mol rëm eng Rascht-Auer, eng Zäit fir sech auszeraschten, fir sech z’erhuele vun deene sëlleche Strapaze vum stressegen Alldag, eng Zäit, wou een nodenke kann iwwert dat, wat een erlieft huet, wou een dat verschaffe kann, wat engem widderfuer ass…

D’Manifestatioun ass organiséiert vum Centre national de littérature a Collaboratioun mat Éditions Guy Binsfeld.

Communiqué par le Centre national de littérature (ministère de la Culture)

Dernière mise à jour