Konferenz am Nationalarchiv "Landkaarten haut a muer" (05.04.2012)

Dir hutt Iech schonn ëmmer gefrot wéi Landkaarten haut gemaach ginn? Dir wëllt wësse firwat Ären Handy a GPS Iech de Wee esou genee ka weisen? Da kommt op d’Konferenz "Landkaarten haut a muer" de 5. Abrëll ëm 18h00 am Nationalarchiv, Plateau du Saint-Esprit zu Lëtzebuerg.

De Ben Reisch vun der Administration du cadastre et de la topographie gëtt Äntwerten op dës Froen an illustréiert déi aktuell Erausfuerderungen am Beräich vun der Kartografie. D’Konferenz as op Lëtzebuergesch an den Entrée as fräi.

Dës Konferenz gëtt organiséiert am Kader vun der aktueller Ausstellung am Nationalarchiv "Luxemburg in der Großregion. Kartografische Meisterwerke aus der Sammlung Fritz Hellwig".

Communiqué par les Archives nationales de Luxembourg

Dernière mise à jour