Eng Soirée mam Henri Losch

Den Henri Losch feiert dëst Joer säi 85. Gebuertsdag – a mir kucken zréck op d’Karriär vum Conférencier a Schauspiller, vun engem vun den Acteuren, déi d’Verännerung an der Theaterszen an d’Ufänk vun der Filmszen erlieft a begleet huet, op de Scenariste, op d’Wierk vum Auteur fir Kannerliteratur an op den Zäitzeien, deen a sengen autobiographesche literareschen Texter vun der Schoulmeeschterzäit a vu Reesen op no a wäit.

De Marc Limpach, deen Diktioun bei Henri Losch geléiert huet, ënnerhält sech mam Henri Losch, deen aus senge Wierker wäert virliesen.

Eng Liesung ass de Mëttwoch 25. Mee 2016 um 19:30 Auer am Centre national de littérature (Miersch).

Fräi Entrée.

Communiqué par le ministère de la Culture / Centre national de littérature

Dernière mise à jour